Fir dofir och am Centre Hospitalier um Kierchbierg preparéiert ze sinn, muss d’Gesondheetspersonal, ewéi de CGDIS hir Ofleef ëmmer nees optiméieren. Dowéinst huet d’Klinik e Samschdeg getest, ob ee fir e “Massen-Accident” equipéiert ass.
D’Übung soll esou reell ewéi méiglech oflafen an d’Personal geziilt u seng Grenze bréngen. Den Tim Morizet war sech esou en Testduerchlaf ukucken an d’Uspanung war och bei deenen ze spieren, déi e Samschdeg de Moien nëmmen nogekuckt hunn.
Am Minuttentakt koumen d’Ambulanzen an der Urgence um Kierchbierg un. Eng Explosioun soll an engem Kinossall Dosende Leit liicht, respektiv uerg blesséiert hunn, esou den Zenario an dësem Test.
Géint 9 Auer gouf dunn de “Plan d’afflux nombreuses victimes” declenchéiert. An deem Fall ginn eng Rei Servicer am Spidol erofgefuer. Wann néideg ginn déi geplangten Operatioune vum Dag annuléiert, fir d’OP-Raim fräizehalen. Nodeems d’Konditioune vun den Affer vum CGDIS kommunizéiert ginn, rifft d’Spidol dat néidegt Personal.
Den Pr Dr Claude Braun, Spezialist an den HRS:
“Also Dokteren, d’Soignanten, dat administratiivt Personal, d’Personal aus der Apdikt, et sinn der esou vill, ech ka se net all nennen. Déi ginn iwwert d’Prozedure ‘Everbridge’ vun eis da via Telefonen - Fix an SMS - kontaktéiert.”
Aus Capacitéitsgrënn gi generell direkt e puer Spideeler alarméiert. Et gëllt d’Affer intelligent ze verdeelen. Och an d’Ausland, wëll 50 Affer ewéi an dësem Zenario dreift d’Capacitéiten zu Lëtzebuerg u seng Limitten.
Nach den Pr Dr Claude Braun:
“Wann elo kuckt, wat och theoretesch hei ukomm ass. Da stousse mir als eenzelt Spidol un eis Grenzen. No 10 Stonnen hätte mer nees méi Capacitéite fräigeschalt. Mee et kënnt generell op déi éischt zwou Stonnen un. Mee da si mir mat 8 Schwéierverletzten aus der ieweschtster Kategorie eis Limitten erreecht.”
Generell awer weist ee sech zefridde mam Asaz e Samschdeg de Moien. Déi intern Kommunikatioun, ewéi och d’Iwwergäng vun der Arrivée bis Behandlung hätt séier a gutt geklappt. Mee, net alles:
De Christian Kirwel, Directeur des soins - HRS:
“D‘Kommunikatioun, also alles zesummekréien, déi richteg Informatioun zum richtege Moment, dat ass e bësse méi schwiereg. Dorunner musse mer nach schaffen. Intern, extern, op nationalem Niveau, bei der Verdeelung vun de Victimmen. D’Kommunikatioun tëscht de vereenzelte Spideeler muss nach verbessert ginn.”
Iwwer national Kommunikatiounsservicer sollen dës Informatiounstrajeten iwwert déi nächst Jore verkierzt ginn. Gesetzlech sinn d’Spideeler zu Lëtzebuerg censéiert all Joer esou een Test duerchféieren.
Deen Ament waren och eng ganz Rei Ambulanzen an aner Gefierer ronderëm d‘Spidol an de Rehazenter um Kierchbierg ënnerwee. Et dierf ee sech deemno net ze vill wonneren....et gëtt just den Eeschtfall trainéiert.
D‘Hôpitaux Robert Schuman um Kierchbierg hunn e Samschdeg dann och keng Garde. D‘Urgence vum Déngscht ass am Centre Hospitalier an der Stad.
D‘Bohler-Klinik um Kierchbierg funktionéiert awer ganz normal weider a bleift wärend dem ganzen Exercice accessibel.