CGDISAm Tunnel René Konen huet een Auto gebrannt

RTL Lëtzebuerg
Am Lokale mellt de CGDIS en Accident e Samschdeg den Owend op der Iechternacher Strooss zu Rouspert.
© Andy Brücker / RTL

Géint 17.30 Auer sinn zwee Autoen net laanschtenee komm. Eng Persoun ass dobäi blesséiert ginn.

Doriwwer eraus ass den 112 geruff ginn, well zu Sir an der Rue de Carrières e Kamäi Feier gefaangen hat.

Géint 4.30 Auer an der Nuecht op e Sonndeg huet an der Stad iwwerdeems en Auto gebrannt, dat war am Tunnel René Konen, deen d’Geriicht mam Eecher Bierg verbënnt. Bei béiden Interventiounen ass kee verwonnt ginn.

E Samschdeg am Nomëtteg gouf et dann och nach zwee Accidenter. Zwee Autoe sinn am Rond-point Iergäertche géint 13.30 Auer net laanschtenee komm. Tëscht zwee Autoen huet et dann och géint 14.30 Auer op der A1 tëscht Fluessweiler a Mënsbech geknuppt. Hei gouf all Kéiers eng Persoun blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO