Abréch a BedruchAm Viséier vun den Abriecher stoungen an der Stad z.B. eng Partie Kelleren

RTL Lëtzebuerg
An der Stad an der Rue Saint Zithe gouf an de Keller vun engem Appartementshaus agebrach. Den Abriecher gouf vun de Bewunner iwwerrascht an ass fortgelaf.

Och um Boulevard Marcel Cahen zu Märel gouf nees an e puer Keller agebrach. D’Enquêtë lafen.

Bedruch zu Mëlleref

E Fall vun Hauséierer-Bedruch gouf et dann an der rue Paul Eyschen zu Mëlleref. Zwee onbekannten Täter hunn dem Affer gesot, si géifen Done fir eng Organisatioun sammelen a sinn esou an d’Haus erakomm. Do hu si de Portmonni geklaut.

Back to Top
CIM LOGO