Associatioun vun de Meeschteren am EnseignementAMET distanzéiert sech vun den Aussoe vum Amelux-President Christian Turk

RTL Lëtzebuerg
De Christian Turk hat ënnert anerem dem Educatiounsminister Claude Meisch reprochéiert, näischt Richteges an der Beruffsausbildung ze maachen.
De Christian Turk war e Mëttwoch eisen Invité vun der Redaktioun.
De Christian Turk war e Mëttwoch eisen Invité vun der Redaktioun.

D’AMET, déi der Staatsbeamtegewerkschaft CGFP ënnersteet, distanzéiert sech an engem Communiqué vun den Aussoe vun eisem Invité vun der Redaktioun e Mëttwoch, dem Christian Turk vun der Amelux.

Deen hat ënnert anerem dem Educatiounsminister Claude Meisch reprochéiert, näischt Richteges an der Beruffsausbildung ze maachen. D’AMET hirersäits betount, et hätt een zanter Méint e “konstruktiven Austausch” mam Educatiounsminister an et géif ee kucken, zesummen no Léisungen ze sichen.

Och ass d’Ënnerorganisatioun vun der CGFP net der Meenung, datt en DAP-Diplom mat enger Première sollt gläichgestallt ginn.

Back to Top
CIM LOGO