Zu HousenAn 3 Baucontaineren an an e puer Camionnette gouf agebrach

RTL Lëtzebuerg
RTL war informéiert ginn, dass an 80 Camionnetten agebrach gi wier, wat sech awer net bestätege sollt. Schued gouf et trotzdeem.
© RTL Mobile Reporter

An der Nuecht vum 4. op de 5. Abrëll ware Brigangen zu Housen ënnerwee, an hunn do Aarbechtsmaterial matgoe gelooss. Wéi d’Police op eng RTL Nofro hi bestätegt, gouf op engem Schantjen an direkt 3 Baucontaineren agebrach. Hei gouf Aarbechtsmaterial geklaut, grad ewéi aus engem Liwwerwon. Och e privaten Auto gouf duerchwullt.

Op enger Foto, déi mir erageschéckt kruten, ass ze gesinn, dass d’Brigangen d’blechen Aussewand vun de Camionnetten an enger V-Form opschneiden, de Blech op d’Säit diebelen, fir dann esou d’Schiebedier z.B. opzekréien. Duerno gëtt de Blech nees zeréck gebéit, fir dass net direkt vu wäitem opfält, dass hei eppes geschitt ass.

An der selwechter Nuecht goufen zu Housen 3 weider Camionnette beschiedegt, ouni dass awer eppes geklaut ginn ass. An engem Fall hate se eng Camionnette geroden, déi eidel war, wéi eis ee vun de Geschiedegte bestätegt huet.

Wärend dem Asaz huet et op der Plaz geheescht, dass an de leschte Wochen uechter d’Land dacks änlech Fäll vun Abréch a Camionnette geschitt wieren. Rieds war hei vun ëm 80 Camionnetten, déi no engem änleche Prinzip opgebrach gi wieren. Dat konnt d’Police awer op Nofro hin net bestätegen.

Back to Top
CIM LOGO