ZeienopruffAn de Busarrêt gerannt: Accident mat Farerflucht zu Buer

RTL Lëtzebuerg
D'Police sicht am Kader vun engem Accident de 16. Oktober an der Rue de Luxembourg zu Buer no Zeien.

D’Police war de 16. Oktober géint 3.40 Auer an d’Rue de Luxembourg zu Buer geruff ginn, nodeems en Automobilist sech no engem Accident duerch d’Bascht gemaach huet.

De Chauffer hat d’Kontroll iwwert säi Gefier verluer an ass an d’Bushaische gerannt, dat vis-à-vis vun der Tankstell zu Buer steet. Trotz héijem Materialschued huet den Automobilist Farerflucht gemaach.

D’Gefier ass wuel eng gro Mitsubishi-Jeep vum Modell Pajero.

Fir de Virfall kënnen opzeklären, sicht d’Police elo no Zeien, déi eppes gesinn hunn. Sämtlech Informatioune si fir d’Police vu Miersch op der Nummer (+352) 244 90 1000 oder per E-Mail op police.mersch@police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO