
Den Educatiounsministère huet dofir mat der Santé an dem Haut-Commissariat à la protection nationale eng Campagne lancéiert, wou mat de Lycéeën zesummegeschafft gëtt, an déi Jonk d’Méiglechkeet kréien, sech an der Schoul impfen ze loossen.
Dat ganzt leeft bis de 29. Oktober.
Op verschidde Plaze kritt een eng Sprëtz direkt am Lycée, op anere gi Busser an en Impfzenter organiséiert. Mobil Ekippe maachen dëse Méindeg beispillsweis den Optakt an de Lycéeën zu Wolz, Klierf a Réiden.
