
Dofir deelt d’Spidol verschiddene Patiente mat, si kéinte just nach komplizéiert oder urgent Fäll unhuelen a roden hinnen, sech e Rendez-vous bei engem aneren gastro-entérologoesche Service ze froen.
De CHL géif versichen, esou vill ewéi méiglech Patienten unzehuelen a suivéiert och déi Aktuell weider, erkläert d’Nadine Kohner vum Service Communication. Zanter leschtem Joer koum e weideren Dokter bäi, ma nawell komme se zu siwen net no.
Bei de refuséierte Rendez-vouse géif et sech ëm Patienten ouni Risikofacteur handelen: “Déi Patienten, déi ‘refuséiert’ ginn, dat sinn der ouni Antecedant a bei deenen et kee Risikofacteur gëtt.”
Dat entsprécht siwe bis zéng Ufroen d’Woch, manner wéi fënnef Prozent vun allen Demandë mussen zeréckgewise ginn. E Krittär dofir ass och, ob d’Patienten eng Endoskopie, also eng Mo- oder Daarmspigelung mat Narkos froen. “Dat bedeit nämlech e méi komplizéierte Suivi.”
Déi Patiente mussen och nach en Anästhesist gesinn an doduerch kënne manner Rendez-vouse gemaach ginn. Dobäi géif den CHL duerch den zousätzlech Dokter an eng besser Notzung vun de Säll dëst Joer 800 Endoskopie méi maachen wéi d’lescht Joer. Do waren et der 7.147. Mä d’Demande ass vum leschten op dëst Joer enorm an d’Luucht gaangen, sou d’Nadine Kohner: “Mir hunn eng Augmentatioun vun 30 Prozent Demanden fir Consultatiounen an Examen.”
Dat géif u verschiddene Facteure leien “‘T ass e eng Augmentatioun vun der Populatioun, ‘t ass e Vieillissement vun der Populatioun. ‘T ass awer och eng Populatioun, déi vill méi Wäert leet - a mat Recht – op Preventioun. Da mierke mer och, datt vill méi Frontalieren hei am Land e Rendez-vous froen. Dat mierke mer och ob anere Plazen. An da muss ee sech eben d’Fro stellen: ‘Wéi gesäit et an deenen aneren Haiser aus?’ Erliewen déi den nämmlechte Phenomen a ruffen dofir och méi Patienten hei am Haus un?’”
Am CHL plädéiert een dofir, datt d’Situatioun op nationalem Plang analyséiert gëtt a fir en nationale Service, deen d’Rendez-vouse verdeelt. Kuerzfristeg plangt de CHL, Enn dëses Joers, Uganks nächst Joer och nees Examen zu Eech duerchféieren, fir méi Rendez-vousen unzebidden. D’Maschinnen dofir si bestallt. Et kéint och iwwerleeën, zousätzlech Dokteren anzestellen.