
An der Grondschoul sinn dëst Joer 60.901 Schüler ageschriwwen. 6.700 Enseignanten a Chargéë këmmere sech ëm se. Mat 80 Prozent sinn däitlech méi Fraen als Léierin aktiv wéi Männer als Schoulmeeschter.

Am Secondaire sinn et der 52.515 Schüler, bei 5.480 Proffen. Mat knapp 2.100 sinn déi meescht Schüler am Lyçée technique du Centre.
