Vum 9. bis 11. OktoberAn der LuxExpo ass dei éischten Editioun vun der Klima Expo

Christophe Hochard
Workshopen a ganz vill verschidde Stänn ginn et zum Thema Klima. Déi rezent Naturkatastrophen hätte gewisen, dass et Zäit wär ze handelen.
An der LuxExpo ass dei éischten Editioun vun der Klima Expo
Workshopen a ganz vill verschidde Stänn ginn et zum Thema Klima. Déi rezent Naturkatastrophen hätte gewisen, dass et Zäit wär ze handelen.

Eis Äerd huet Féiwer. Et geet hir scho méi laang net méi sou gutt. Dat lescht Joerzéngt war, Statistiken no, déi wäermste Period bis ewell. 2020 an 2016 hunn hei besonnesch ervirgestach.

De Klimawandel ass och zu Lëtzebuerg ukomm. Spéitstens zanter dësem Summer misst eis dëst bewosst sinn. D'Natur rebelléiert. D'Héichwaasserkatastroph am Juli ass esou e Phänomen. Och eis Bëscher leiden ënnert der Äerderwiermung.

Och verschidden Déieren- a Planzenaarten hunn hier Schwieregkeete mat der Hetzt. Si verschwannen oder maachen sech op d'Sich no anere Géigenden. Deieren aus dem Mëttelmierraum kéinten de Wee op Lëtzebuerg fannen.

De Mënschen hiert Liewen, déi an defavorabel Länner wunnen, gëtt duerch de Klimachangement nach méi schwiereg.

Grénge Stroum produzéieren heescht d'Devise, dat iwwer Wandanlagen oder Solar-Panneauen.

Nach bis den 11. Oktober leeft déi 1. Editioun vun der KlimaExpo an der LUXEXPO um Kierchbierg.

Back to Top
CIM LOGO