
Eng éischte Kéier ass hinnen e Fuerer opgefall, deen am Zickzack a mat 80 km/h op der A13 a Richtung Esch/Uelzecht ënnerwee war. Den Alkoholtest ass positiv ausgefall. De Chauffer gouf protokolléiert, duerft säi Fürerschäin awer behalen.
Géint 1 Auer an der Nuecht gouf der Police e weideren alkoholiséierten Automobilist gemellt, dee sech net méi riicht op der Fuerbunn hale konnt. Hie war am Zickzack an der Lëtzebuerger Strooss a Richtung Rond-point "Biff" zu Käerjeng ënnerwee. An der Rue du Commerce zu Rodange konnt d'Gefier ermëttelt ginn. Éier de Chauffer un d'Stoe koum, krut en nach e Gefier ze paken, dat um Stroosserand geparkt hat. Nodeems den Alkoholtest positiv ausgefall ass, huet hie misse säi Permis ofginn, krut e provisorescht Fuerverbuet a gouf protokolléiert.
Op dem CR306 zu Biissen stoung e Gefier um 1.30 Auer an der Nuecht am Gruef - mat nëmmen 3 vu 4 Pneuen. Och hei hat de Fuerer Alkohol consomméiert a krut säi Fürerschäin ofgeholl. Donieft krut hien e provisorescht Fuerverbuet.
E 4. Virfall gouf et op der N10 vu Veianen a Richtung Stolzebuerg. Géint 5.30 Auer huet eng Persoun d'Kontroll iwwert hiert Gefier verluer an ass accidentéiert, ouni dobäi blesséiert ze ginn. Wéinst offensichtlechem Alkoholkonsum gouf de Permis agezunn an e provisorescht Fuerverbuet ausgestallt. Och hei war den Alkoholtest positiv.
Op der Nordstrooss koum et géint 2 Auer an der Nuecht zu engem Verkéiersaccident mat Materialschued tëscht 2 Gefierer. Ee vu béiden ass no der Kollisioun net stoe bliwwen, mä bis op Schengen weidergefuer. Op enger Bensinsstatioun zu Schengen konnten du béid Chaufferen ugetraff ginn. Wéi erauskoum, hat ee vun hinnen Alkohol gedronk gehat.
Op der A4 a Richtung Esch/Uelzecht waren 2 Autoen an en Accident verwéckelt. Bei deenen 2 Automobiliste war den Alkoholtest positiv, ma just ee war säi Permis op der Plaz lass, well den erlaabten Héchstwäert iwwerschratt gouf. Déi 2 Gefierer hu missen ofgeschleeft ginn.