Zu EschAn der Nuecht vun e Freideg op e Samschdeg huet d'Police Caféë kontrolléiert

RTL Lëtzebuerg
Eigentlech sollten déi 20 Beamten iwwerpréiwen, ob d'Lokaler déi néideg Autorisatiounen hunn, fir Alkohol dierfen ze zerwéieren.

Ma an de Lokaler hunn d’Beamten och d’Gäscht selwer kontrolléiert. Iwwerdeems d’Lokaler alleguerte konform waren, sou goufen awer 9 Persoune protokolléiert, well se Droge bei sech haten.

Alkohol um Steier
Weider heescht et am Policebulletin um Samschdeg de Moien, dass eng Rei Beamte wéinst Automobilisten am Asaz waren, déi ze vill Alkohol am Blutt haten, dat zu Dikrech, an der Stad an zu Housen. De Permis war all Kéier fort.

Back to Top
CIM LOGO