Demokratesch ParteiAn der Schoul-, Famillen an Aarbechtspolitik steet d'Zäit am Mëttelpunkt

RTL Lëtzebuerg
D'DP huet weider Schwéierpunkten aus hirem Walprogramm presentéiert.
DP: An der Schoul-, Famillen an Aarbechts-Politik steet d'Zäit am Mëttelpunkt
D’DP huet weider Schwéierpunkten aus hirem Walprogramm presentéiert

Duerch den Ausbau vun de Kannerbetreiungs-Strukturen a méi flexibele Schaffzäite géif een den Alldag vun de Famillje verbesseren, esou déi Liberal.

Bei der Kannerbetreiung hätt een di lescht Joren e Paradigmewiessel erreecht, seet de Claude Meisch. Doduerch datt d’Crèchen, d’Maison Relaisen an d’Schoulbicher zum Deel gratis sinn, wieren d’Famillje finanziell entlaascht ginn. Den nächste Schrëtt wär elo fir den Elteren eng Garantie ze ginn, datt jiddwereen, dee wëll, och sécher eng Plaz an enger Kannerbetreiungs-Struktur kritt.

An hirem Walprogramm fuerdert d’DP och, datt de Pappecongé weider gehéicht gëtt vun 10 op 15 Deeg an de Congé Parental soll ëm 3 Méint verlängert ginn. Dobäi sollen d’Elteren och d’Recht op Deelzäitaarbecht kréien.

Flexibel a familljefrëndlech Aarbechtszäit-Modeller, ewech vun der 40-Stonnewoch hi bei Wochenaarbechtszäit an Zäitspuerkonten, si Fuerderunge vun der DP. Do, wou et geet, soll et e Recht op Homeoffice ginn.

Back to Top
CIM LOGO