Elo gëllt et seng sozial Kontakter esou niddreg ewéi méiglech ze halen, fir de Coronavirus ze bremsen, seet de Premier Xavier Bettel. D'Regierung hat e Méindeg verschäerfte Restriktiounen annoncéiert. Och am Bildungswiese goufen nei Decisioune geholl. Den Educatiounsminister Claude Meisch huet um Dënschdeg de Moie Prezisioune ginn.
''All eis Schoule schalten eng Woch op Distanzunterrecht. All eis Betreiungsstrukture gi fir zwou Woche komplett zou.''
No der Chrëschtvakanz, vum 4. Januar un, ass nees Schoul vun doheem aus ugesot. Dat bis den 10. Januar. Am Fondamental soll et keen normale Cours ginn. D'Léierpersonal soll de Schülerinnen a Schüler d'Hausaufgabe fir déi Woch digital mat op de Wee ginn. D'Matière aus dem éischten Trimester soll widderholl ginn. Videokonferenze sinn net ausgeschloss. De Kontakt tëscht Personal a Kanner soll bestoen.
Am Lycée gëtt awer op richtegen Unterrecht gesat, an zwar iwwer Stream. Déi genee Ëmsetzung dovun iwwerléisst de Claude Meisch den Enseignanten. An der Woch vum 4. Januar solle keng Prüfunge sinn. Op de Premièresklasse gëtt d'Semester ëm eng Woch verlängert.
Vum 28. Dezember u sinn all d'Betreiungsstrukturen ewéi Crèchen a Maisons Relaise fir zwou Woche komplett zou. Eng Ausnam gëtt et fir d'Kanner vu Personal aus dem Fleegesecteur. D'Eltere vu Kanner ënner 13 Joer hu Recht op de Congé pour raisons familiales. Déi néideg Formulaire fënnt een op guichet.lu.
Den 11. Januar soll d'Schoul, Stand haut, nees ulafen ewéi virun der Vakanz. Et soll eng méiglechst sécher Rentrée ginn, Claude Meisch.
''Duerfir wäerte mir sämtleche Kanner a Jonken tëscht 4 an 19 Joer eng Invitatioun fir en PCR-Test schécken. Och sämtlech Enseignanten an Educateuren aus de Schoulen, de Kompetenzzenteren an de Maisons Relaise kënne sech teste loossen. Nieft den Effekter vun zwou Woche Vakanz an enger Woch Schoul doheem, maache mir domat alles fir de Covid19 aus de Schoulen an de Maisons Relaisen eraus ze halen. D'Invitatioune fir dës Tester ginn an den nächsten Deeg verschéckt. Wichteg ass hei sech séier e Rendez-vous beim Large Scale Testing ze huelen, well da scho munches ausgebucht ass fir déi nächsten Deeg.''
Trotz dem desagreabele Wieder ëm dës Zäit wär et weider essentiell, dass an de Klasse gelëft gëtt, fir de Virus eraus ze kréien, betount de Minister. An alle Klassen am Fundamental, an de Lycéeën an an de Kompetenzzentere wäerten am Januar CO2-Miessapparater installéiert ginn. Déi géifen een drun erënneren, wéini et Zäit ass, d'Fënsteren nees opzemaachen.
De Retour an den Distanzunterrecht ass méi ewéi just eng solidaresch Aktioun vis-à-vis vun anere Secteuren, wou Paus ass. De Virus verbreet sech iwwerall. An esou kloer sot de Minister Claude Meisch et bis elo nach net: Och an de Schoule stéisst een un d'Grenzen:
''D'Limitt, wat ze geréieren ass beim Tracing bannent de Schoulen an de Betreiungsstrukturen, d'Limitt fir d'Ordonnancen ze erstellen, d'Limitt fir op der Plaz kënnen ze testen. Bei 800 Neiinfektioune vu Schüler an Enseignantë pro Woch ass dat schwéier ze organiséieren an ëmzesetzen. Mir hunn et net ëmmer och zu eiser eegener Zefriddenheet hikritt.''