Um Dënschdeg de Moien huet d'Police mussen an den Asaz op Veianen. Um 4:25 Auer gouf gemellt, dass an der Rue de la Frontière e Bancomat gesprengt gouf.
D'Täter sinn op der Flucht, dat huet de Policespriecher eis op Nofro matgedeelt. An deem Zesummenhang gëtt dann elo och no engem wäisse Mercedes-Benz Cabrio gesicht, mat schwaarzem Verdeck. Um Auto ass d'Lëtzebuerger Immatrikulatiounsplack YQ8591. Déi Plack ass allerdéngs geklaut. Wien den Auto gesinn huet, soll sech wgl direkt bei der Police um 113 mellen.

Um Dënschdeg de Moie waren e puer Policeunitéiten zu Veianen op der Plaz, grad ewéi d'Police technique. D'Strooss huet wéinst dem Policeasaz musse gespaart ginn. Et gouf kee blesséiert. Géint 7:45 Auer gouf d'Strooss nees fir den Trafic opgemaach.
Dass eppes geschitt wier, huet een och um 5:30 Auer nach op der Autobunn A7 gemierkt, well dunn nach Polizisten an Zivilgefierer mat héijer Vitess Richtung Norde gefuer sinn, respektiv op der A7 Richtung Stad waren och Policegefierer op verschiddene Plaze positionéiert.
Géint 5:50 Auer war och den Helikopter vun der Police iwwert dem Kierchbierg ze gesinn.