ChamberkommissiounAn Zukunft soll et zwee nei Typpe vu Congé ginn

RTL Lëtzebuerg
Dës kann een ufroen, fir Beruffs- a Privatliewe besser ze conciliéieren. En entspriechende Projet de loi muss eng EU-Directive ëmsetzen.
© RTL Archiv

Déi zoustänneg Chamberkommissioun huet en Donneschdeg Amendementer analyséiert. Konkret geet et ëm een Dag Congé d’Joer, deen een huele soll kënne bei engem Cas de force majeur.

A maximal 5 Deeg d’Joer, wann et ëm d’Hëllef oder d’Fleeg vun engem Familljemember geet, oder enger Persoun, déi am selwechte Stot wunnt.

Um Site vun der Chamber ass ze liesen, dass et och medezinesch Preuven an deem Fall muss ginn.

Back to Top
CIM LOGO