
Reporter. lu hat jo verschidde Beispiller vun Auslandsreese vum LSAP-Minister genannt, bei deenen hien dem Ministère jeeweils fir Honnerten Euro Iessen a Wäin a Rechnung gestallt huet.
D’Ministere schéngen de Sujet nawell eescht ze huelen, et soll elo nämlech eng Analys vun den Decompten a Praktike wärend offiziellen Déngschtreese gemaach ginn, fir duerno eventuell Prezisiounen an Upassungen doriwwer, wat dierf ofgerechent ginn, ze ënnerhuelen. Et wéilt ee fir eng optimal Transparenz suergen, heescht et am offizielle Schreiwes, dat nom Regierungsrot publizéiert gouf.
Wéini d’Analyse soll ofgeschloss sinn, gëtt net preziséiert.
No der Reunioun tëscht der AMMD an de Responsabelen vun E-Santé dës Woch, huet sech d’Regierung e Freideg dann och iwwert d’Demarchen eens gesat, wéi et am Dossier vum digitalen Tiers-payant soll weidergoen.
Weiderhi war d’Regierung sech eens, datt et méi einfach a bëlleg soll ginn, fir eng eege Fotovoltaik-Anlag z’installéieren. Fir Anlagen ënner 30 Kilowatt entfält nämlech d’Obligatioun, fir en zweeten Stroumzieler mussen z’installéieren. D’Aspeisen an de Reseau soll an Zukunft iwwer Statistike festgehale ginn.
Interessant och ze notéieren, datt am Ministerrot nieft der Situatioun um Energiemaart och iwwert de Logements- a Konstruktiounssecteur geschwat gouf. Weider Detailer ginn hei awer net genannt.