
Sou sot et e Mëttwoch de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn, am Kader vun enger Table Ronde op Ministesch-Niveau vun der Weltkonferenz iwwert d‘Pressefräiheet, déi vun Holland a vun der UNESCO aberuff gi war.
Dobäi gouf deen Den Haager Engagement och vun engen 50 Staaten, déi derbäi waren, ugeholl, mat deem d’Sécherheet vu Journaliste soll verbessert ginn.
Andeems een d’Pressefräiheet verdeedegt, géif ee gläichzäiteg d’Mënscherechter stäerken, d’Demokratie an de Rechtsstaat, sou de Jean Asselborn.