SREL-Prozess nees verréckeltAndré Kemmer weist sech am RTL-Interview enttäuscht a verbattert

RTL Lëtzebuerg
De Grond dofir ass, dass de fréiere Premier Jean-Claude Juncker, ee vun de wichtegsten Zeien an deem Prozess, um Méindeg operéiert gëtt.
© RTL Archiv

En Dënsde koum d'Nouvelle, dass de sougenannte SREL- oder Frisbee-Prozess ëm eng présuméiert illegal Telefonsécoute, deen en Dënschdeg 8 Deeg um Stater Geriicht ugoe sollt, eng zweet Kéier misst verréckelt ginn: De Grond dofir ass, dass de fréiere Premier Jean-Claude Juncker, ee vun, wann net de wichtegsten Zeien an deem Prozess, um Méindeg mat engem Anévrissem operéiert gëtt. D'Ex-Geheimdéngschtleit André Kemmer a Fränk Schneider, zwee vun den am Ganzen 3 Ugekloten nieft dem fréiere SREL-Chef Marco Mille, sinn enttäuscht, respektiv fannen et schued, dass et no 2017 nees net zu dësem Prozess kënnt. Am RTL-Interview sot den André Kemmer, seng Reaktioun wär eng vun Enttäuschung, gemëscht mat Batterkeet. Et géif ee sech, wéi vill Leit dobaussen, Froe stellen:

Leit dobausse stellen sech Froen - André Kemmer

Fir mech gëtt et och keng SREL-Affär! Aus dem SREL ass eng Affär gemaach ginn, vun e puer Politiker, déi dat ganz kloer agesat hunn. Mir schwätze vun engem Coup d'État: Ech mengen, mir sollen endlech de Courage hunn, dat och sou ze soen! Vill Leit dobaussen op der Strooss soe sech dat nämlech och! Dass et just drëm gaangen ass, fir de Jean-Claude Juncker ze stierzen, an engem gewëssene Sënn, mat Informatiounen aus dem Geheimdéngscht, aus dem Joer 2009, déi 2012 erëm opgekacht gi sinn a wou dem Publikum dobausse verstoppt gouf, dass se dat scho woussten. Dat ass ee Volet! Wann een d'Méiglechkeet vum Prozess geholl kritt - an an engem Rechtsstaat ass de Prozess, well en eben ëffentlech ass, e ganz wichtegt Hëllefsmëttel, och fir déi Concernéiert, och fir d'Zeien -, dann huet dat sécherlech mat enger Enttäuschung, ganz kloer, ze dinn, jo!

De Fränk Schneider zweiwelt iwwerdeems drun, dass et jeemools zu deem Prozess kënnt. Dat wär a sengen Ae schued, aus zwee Grënn:

Kënnt et jeemools zu deem Prozess? - Fränk Schneider

Den 1. Grond ass natierlech deen, dass de Prozess eis d'Méiglechkeet gëtt, fir eis Defense ze presentéieren a fir dann, wat ech mer erwaarden, och fräigesprach ze ginn an deem Prozess. Dat Zweet - an dat ass vläicht nach méi wichteg -, dat ass, dass dee Prozess an der Ëffentlechkeet stattfënnt an doduerch d'Ëffentlechkeet och a verschiddene Beräicher informéiert gëtt, wat da schlussendlech do gelaf ass. (...) Do ass d'Regierung Juncker gefall, op der Basis vun näischt!

Méi grave Faiten wéi Gaardenhaischen- oder Schunggeschäftsgeschicht

D'Aus vum 2. Srel-Prozess - Rep. Eric Ewald

„De Prozess wär d'Plattform fir d'Konklusioun vun där Geschicht, déi wesentlech méi grave ass wéi eng Gaardenhaischen- oder Schunggeschäftsgeschicht!“: Dat seet de Fränk Schneider, ee vun den Ugekloten, zum SREL- oder Frisbee-Prozess, deen en Dënschdeg 8 Deeg um Stater Geriicht ufänke sollt. Well den Ex-Premier a wichtegen Zeie Jean-Claude Juncker awer e Méindeg mat engem Anévrissem operéiert gëtt, war de Prozess viru 6 Deeg ofgesot ginn, fir d'zweet no 2017.

An deem Prozess géif et virun allem ëm eng Telefonsecoute op den Elektronikexpär Loris Mariotto goen, deen hat gesot, et géif eng kryptéiert CD vun engem Gespréich tëscht dem Grand-Duc Henri an dem deemolege Staatsminister Jean-Claude Juncker a Saache Bommeleeër ginn. Déi CD gouf méi spéit am SREL „Frisbee“ genannt. Ugeklot sinn déi fréier Geheimdéngschtleit Marco Mille, Fränk Schneider an André Kemmer. Den Eric Ewald huet dëser Deeg mat deenen zwee Leschtgenannte geschwat.

Si wëllen alle béid, dass dee Prozess kënnt, fir sech erklären ze kënnen, hunn awer Zweiwelen dorun, dass e wäert sinn. Et geet ëm Faiten aus de Joren 2006/2007, ënnersträicht den André Kemmer, deen zanter 7 Joer suspendéiert ass. D'Écoute op de Loris Mariotto wär eng Operatioun vum Geheimdéngscht gewiescht, deen enquêtéiert huet:

"Hei gëtt elo gemaach, wéi wann nëmmen d'Justiz enquêtéiert hätt. Mir hu mat enger CD ze di gehat, chiffréiert CD, déi mer kritt hunn. Mir hunn dorop enquêtéiert. Op Grond vun där Enquête sinn eng Rei vun technesche Mesurë geholl ginn, ënnert anerem eng Telefonsecoute, déi ugemellt war, déi mer ordonnéiert kritt hunn. Also, alles dat hätt ee kënnen erklären."

Den Ex-Geheimdéngschtleit André Kemmer
Den Ex-Geheimdéngschtleit André Kemmer
© André Kemmer

Dës Oflauschteraktioun wär bekannt gewiescht, seet den André Kemmer, d.h. autoriséiert, wéi de Fränk Schneider preziséiert huet. Fir deen et wichteg wär, dass dee Prozess kënnt, och am Sënn vum Jean-Claude Juncker, well deem séng Aussoen an déi vun den 3 Beschëllegten u sech net wäit ausenee léichen:

"Den Här Juncker, dee seet, en hätt déi Ecoute do net vollëmfänglech autoriséiert. Bah, dat heescht jo net, dass e se net autoriséiert huet!"

Fir de Fränk Schneider, deen 2008 gekënnegt hat, géif e Prozess och zum Deel widderspréchlech Aussoe vun deemolegen Oppositiounspolitiker beleeën, z.B. dozou, wéini si - 2008 oder 2009 - iwwert dat ominéist Aueregespréich tëscht dem Marco Mille an dem Jean-Claude Juncker informéiert goufen. Dës Politiker hätten doropshin d'Chance ergraff, fir dat ze maachen, wat een eventuell als Coup d'État bezeechne kéint; 2012 hätte si d'Faiten dunn als grousse Skandal presentéiert. Dem Fränk Schneider no soll de SREL-Prozess dofir kommen, mat oder ouni Zeie wéi de Jean-Claude Juncker: "Wann déi net kommen, da soll dee Prozess vläicht awer stattfannen, hein!? Déi hu jo ausgesot. Déi Aussoe si jo Bestanddeel vum Dossier. Da musse mer dann de Prozess vläicht ouni déi maachen!"

Wäert de Prozess eegendwann eng Kéier nees relancéiert ginn?

Gëtt de Prozess jeemools relancéiert? - Rep. Eric Ewald

An den Ae vum André Kemmer steet d'Fro no der Staatsraison am Raum, respektiv déi, ob et eng onsiichtbar Hand gëtt, déi dee Prozess net wëll?:

"D'SREL-Affär sträift natierlech de Bommeleeër, well et eng Opnam tëscht dem Grand-Duc an dem Staatsminister Jean-Claude Juncker soll gi sinn. Also, dat ass jo scho relativ brisant, vum Thema hier. Och wann d'Infraktioune ganz schwaach sinn, déi eis reprochéiert ginn - d'Telefonsecoute an den Detournement vun enger CD -, sou ass dach, wat doraus jo geschitt ass, jo enorm. Mir hunn et jo du mat enger Staatsaffär, carrement, ze dinn, et ass eng ganz Regierung drun zu Broch gaangen. Do kënne mer net einfach zu enger Dagesuerdnung iwwergoen, an dat kann d'Politik och net!"

De Fränk Schneider seet sech, dass dee Prozess vläicht net gewollt ass, well... "do villes wäert diskutéiert ginn, wat net arrangéiert. Ech géif wierklech hoffen, dass eist Land nach sou fonctionnéiert, dass mer dee Prozess do kréien. Mä ech fänken e bëssen un, drun ze zweiwelen!"

Den Ex-Geheimdéngschtmataarbechter Fränk Schneider
Den Ex-Geheimdéngschtmataarbechter Fränk Schneider
© Eric Ewald (Radio)

Dobäi wär de Prozess e wichtegt Hëllefsmëttel, fënnt den André Kemmer, dee gutt mat engem Prozess liewe kéint. Elo hätt hie sech fir d'zweet nees an d'Matière erageschafft, fir de Prozess,... "an da kritt Der kuerz virum Depart gesot: Haut ass d'Course net! An dat ass elo fir d'zweete Kéier, an et ass an deem nämmlechte Schema scho wéi d'lescht Kéier! Mir kënnen awer och mat der Optioun liewen, wann de Parquet seet, mir maachen dat do elo zou, well mer hei konfrontéiert si mat der Verjärung vun der Strofverfolgung,... Ech hu gesot, mir si largement wäit iwwer 10 Joer, fir eng Telefonsecoute! Ech mengen, do muss scho vill Motivatioun hannendru sinn, fir dat iwwerhaapt nach ze maachen!"

De Fränk Schneider schwätzt net nëmme vun Hoffnung, mä vu sengem Recht, fir sech eng Kéier äusseren ze kënnen: "Soulaang dee Prozess net ass, kréien ech dat dote Recht och net! Dat geet iwwert d'Hoffnung eraus!"

Den André Kemmer stellt sech iwwerdeems d'Fro no enger eventueller Strategie vum Jean-Claude Juncker a firwat d'Justiz dat zouléisst. Et wär um Parquet ze decidéieren, wéi - an ob - et weidergeet; hie kéint sech virstellen, dass dee seet, e wéilt dee Prozess net méi a géif alles zréckginn an d'Chamber, an eng Spezialkommissioun. Woubäi sou eng Iddi de Moment do wuel net mat oppenen Äerm géif opgeholl ginn, wéi hie seet!

De Fränk Schneider weist op Diskussiounen doriwwer hin, de Prozess am Februar/Mäerz nei unzesetzen. A sou engem Prozess géif et fir hie wuel ëm d'Ugeklote goen, awer och ëm d'Informatioun vun der Ëffentlechkeet, déi sengerzäit, Zitat, „wahrscheinlech fir blöd verkaf“ gi wär!

 

Back to Top
CIM LOGO