Infirmier-AusbildungAnil kritiséiert verschidde Ministèren

Tim Morizet
No enger gemeinsamer Reunioun stéisst sech d'Anil drun, datt zwar e Bachelor-Ofschloss soll ugebuede ginn, ma d'BTS-Ausbildung weider soll bestoe bleiwen.
© RTL Télé Lëtzebuerg (Archiv)

Kritik vun der Anil / Reportage Tim Morizet

Wéi am beschten d'Penurie am Main-d'oeuvre am Gesondheetssecteur, spezifesch bei den Infirmiere bekämpfen? Dat war d'Diskussioun d'lescht Woch an enger Aarbechtsreunioun tëscht der Anil, der nationaler Associatioun vun den Infirmièren an Infirmieren an engem Comité interministeriell, zesummegesat aus ënnert anerem der Santé, dem Staats-, ewéi och Educatiounsministère. Den Ausgang, respektiv d'Kommunikatioun no deem Meeting huet bei ville Leit um Terrain awer fir Roserei gesuergt.„No der Reunioun hate mer do wierklech e ganz gutt Gefill, datt sech do eppes wäert doen a mer endlech weiderkommen an et an déi richteg Richtung geet. Ech hoffen elo einfach, datt de Communiqué schlecht formuléiert gouf. Ech hoffen, datt se sech net bewosst waren ewéi esou e Message opgeholl gëtt. Well e gouf um Terrain net gutt opgeholl.“Esou d'Anne-Marie Hanff, Presidentin vun der Associatioun. Riets geet vun engem Communiqué, deen e Freideg vu 6 Ministèren ënnerschriwwe gouf an de Fortschrëtt an den Diskussioune fir d'Eliminatioun vun der Fleegepersonal-Penurie, déi zanter November d'lescht Joer lafen, publizéiert.Vun auswäerts gouf et Schëller klappen, ma um Terrain bei den Infirmiere war et bei villen de Schock, esou d'Anil. Am Communiqué gëtt nämlech zimmlech konkret doriwwer geschwat, zwar e Bachelor-Ofschloss fir den Infirmier-Studium zu Lëtzebuerg unzebidden, ma d'BTS-Ausbildung gläichzäiteg oprecht ze erhalen.„Mir waren am Fong esou verbliwwen, datt ee fir d'éischt muss kucken, wat wierklech de Profil vun der Infirmière mam Bachelor ass, wat kann déi herno och méi maachen. An duerno kucken, wéi een déi Leit konkret um Terrain asetzt a wéi eng Beruffer niewebäi gebrauch gi fir datt d'Fleeg op enger héijer Qualitéit optimal ofleeft.“Diskussioun wat den Terrain konkret u Personal brauch, soll réischt dëse Mëttwoch gefouert ginn. Wat den Terrain net bräicht, wier awer d'Klasséierung tëscht enger elitärer-Bachelor an enger „Fouss-Vollek“-BTS-Infirmier-Ausbildung, esou d'Associatioun vun den Infirmieren.„Et verbraucht een och duebel esou vill Ressourcen, well een alles muss 2 Mol hunn. Et muss een op 2 Plaze forméieren: eng Kéier op der Uni, eng Kéier am LTPS. Et brauch een dann och bemol duebel esou vill Personal a Professere fir d'Fleeg an där hu mer schonn net genuch am Land.“An Däitschland an an der Belsch gëtt schonn zanter e puer Joer ëmmer méi op de Bachelor-Ofschloss gesat. Den Equivalent vum BTS, deen hei och nach existéiere soll, no vill Kritik, och an den nächste Jore Schrëtt fir Schrëtt ofgeschaaft ginn.„Déi Länner, déi nëmmen am Bachelorofschloss ausbilden, sinn zum Beispill déi skandinavesch Länner. Déi si bekannt fir hir Qualitéit am Fleegesecteur. A Finnland, zum Beispill, bléift d'Fleegepersonal méi laang a gesond am Beruff ewéi zu Lëtzebuerg. Dat läit och dorunner, datt se méi berufflech Perspektiv hunn, ewéi mir am Grand-Duché.“Eng Period-Transitoire zu Lëtzebuerg wier néideg – ma d'Decisioun vun der Politik soll op Fakte baséieren, net op Angscht. Hei kéint een et vun Ufank u richteg maachen an Zäit spueren, esou nach d'Anil. D'Angscht, net genuch Leit duerch de Bachelorofschloss ze rekrutéieren, wier iwwerdeems onbegrënnt, mengt d'Associatioun vun den Infirmieren. Et géif motivéieren, well den Niveau eropgesat gëtt. Dobäi géifen och Leit no hirer Première, d'Méiglechkeet kréien, de Beruff ze léieren, ouns mussen 2 Joer zeréck ze goen, fir d'Ausbildung am LTPS nozehuelen.

Offiziellt Schreiwes

Réunion de travail interministérielle avec l’Association nationale des infirmières et infirmiers du Luxembourg (07.01.2021)
Communiqué par: ministère d'État / ministère de la Santé / ministère de la Famille, de l’Intégration et à la Grande Région / ministère de l’Enseignement supérieur et de la Recherche / ministère de la Sécurité sociale

En date du 7 janvier 2021, une réunion de travail interministérielle a eu lieu par visioconférence avec les représentants de l’Association nationale des infirmières et infirmiers du Luxembourg (ANIL). À cet échange, qui fait suite à une première réunion entre le Premier ministre et l’ANIL en novembre dernier, ont participé, outre le Premier ministre, Xavier Bettel, la ministre de la Santé, Paulette Lenert, la ministre de la Famille et de l’Intégration, Corinne Cahen, le ministre de l’Enseignement supérieur et de la Recherche, Claude Meisch, ainsi que le ministre de la Sécurité sociale, Romain Schneider.

La réunion a permis d’approfondir les discussions et de proposer des actions concrètes pour faire face à la pénurie de main-d’œuvre du secteur. Les axes de travail prioritaires concernent l’offre d’une formation à la profession attractive et en phase avec la complexité croissante de la profession, ainsi que la valorisation de la profession et de son image auprès du grand public.

Le Premier ministre s’est montré optimiste quant à la mise en place rapide d’un nouveau modèle de formation pour les infirmier(e)s: «La crise sanitaire que nous vivons a exposé l’énorme importance que revêt la profession de l’infirmier(e) dans un système de santé opérationnel et de qualité. Nous remercions vivement les infirmier(e)s pour leur engagement sans faille. Face à la pénurie de personnel de soins que nous rencontrons, nous avons une obligation de former davantage de personnel qualifié au Grand-Duché. L’adaptation et la revalorisation de l’offre de formation à travers l’introduction d’un diplôme de bachelor pour certaines catégories d’infirmiers – le niveau de BTS serait également maintenu – est une des pistes à l’étude. Les travaux se poursuivront au sein du comité interministériel ad hoc mis en place par le gouvernement en conseil le 24 janvier 2020. Le gouvernement en conseil statuera encore au premier trimestre de cette année. Les échanges fructueux avec l’ANIL se poursuivront.»

Back to Top
CIM LOGO