
Fir eng Rei Behandlunge soll een an Zukunft net méi mussen an d’Spidol. An der Chamber gouf en Donneschdeg de Moien d’Gesetz gestëmmt, dat offiziell nei Strukture baussent de Spideeler erlaabt. Déi medezinesch Zentre solle méi no bei de Leit sinn. D’Antennen hänken awer vun de Spideeler of. An den dezentrale Strukture si kleng chirurgesch Agrëff, wou keng Iwwernuechtung néideg ass, méiglech, Dialyse, Onkologie a Radiologie och mat schwéierem Ekipement wéi IRM oder Mammografie. Eng Kommerzialiséierung an eng Zwou-Klasse-Medezin soll mam neien Text verhënnert ginn.
D’Gesetz ass awer ganz ëmstridden. D’Doktesch-Gewerkschaft AMMD ass net dermat averstanen a wëll méi eng liberal Approche mat privaten Initiativen.
D’CSV kritiséiert, datt eréischt ënner Drock reagéiert gi wär. Den Text wär ënner Panik entstanen, sot de Claude Wiseler. Et wär keng Entlaaschtung fir d’Spideeler, géif d’Problemer net léisen an den Text géif juristesch d’Strooss net halen, wat och schonn de Staatsrot ze bedenke ginn huet. D’CSV huet dowéinst derzou opgeruff, datt den Text net gestëmmt gëtt.
D’DP stëmmt den Text zwar mat, et wär en éischte Schratt an déi richteg Richtung. D’Carole Hartmann sot awer och kloer, datt et eng verpasste Chance wär. Et bräicht een eng richteg Reform vum Extra-Hospitalier. D’Spideeler géifen d’Kontroll behalen. Mat de laange Waardezäite kéint et esou net weider goen. Et hätt een elo schonn eng Zwou-Klasse-Gesellschaft.
D’Carole Hartmann huet am Numm vun der DP och gefuerdert, datt Mammographien a private Praxisse méiglech sinn. D’Waardezäite wäre mat bis zu 18 Méint einfach ze laang.
An hirer Interventioun huet d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert et net gëlle gelooss, datt geträntelt gi wär. Si wär de Problem direkt ugaangen, mä wär awer nu mol vun der Corona-Pandemie gestoppt ginn. Am Secteur wär eng grouss Attente do, Doktere géife beispillsweis mat Projeten zu Jonglënster, Munneref oder Esch waarden. Si huet och bedauert, datt an dësem Dossier net ganz sachlech diskutéiert gi wär. Et sollt een awer zesummeschaffen an net géinteneen.