SyvicolÄnnerung vu Statut vu Gemengepolitiker wéinst penaler Responsabilitéit

Diana Hoffmann
Als Gemengepolitiker kann een zu Lëtzebuerg haftbar gemaach gi fir Entscheedungen, déi een trotz beschtem Wëssen a Gewësse geholl huet...
© RTL Archiv

Syvicol - Reportage Diana Hoffmann

D'Intentioun géing do keng Beuechtung fannen. Zu där Conclusioun war de Syvicol komm an huet dofir de Sujet op den Ordre du jour vun der Reunioun gesat. Par Rapport zu anere Länner misst hei nach ferm nogebessert ginn. Schliisslech kéint dës grouss penal Responsabilitéit och e Grond sinn, datt verschidde Leit net wéilten an d'Politik goen.

Op der leschter Versammlung vum Syvicol am Gemengenhaus an der Stad war gewuer ze ginn, datt ëmmer méi dacks géinge Lokalpolitiker penal poursuivéiert ginn. Iwwerspëtzt formuléiert: Bei all Entscheedung géing ee mat engem Been am Prisong stoen. Dofir wieren onbedéngt Ännerungen am Statut vum Gemengepolitiker néideg. “Mir hunn de Moment eben iwwerhaapt kee Schutz", seet den Emile Eicher, President vum Syvicol a Buergermeeschter vu Clierf. Am Ausland wier een an dësem Punkt scho vill méi wäit. Lo wëll ee sech zu Lëtzebuerg um belsche System orientéieren. Do ass an éischter Linn d'Gemeng penal responsabel. Ma et géing awer d'Méiglechkeet ginn, och de Buergermeeschter responsabel ze maachen. Wann dëse wierklech eng komme gelooss hätt, kéint och hie vun der Gemeng poursuivéiert ginn. "Souwisou bleift e penal responsabel fir alles, wou en elo wëssentlech wëll engem schueden", ënnersträicht den Emile Eicher.

Och an Zukunft kann de Buergermeeschter also net maache wéi hie wëll. Reegelméisseg muss hie sech awer op Avise vu Beamte verloossen, well hie jo och keen Expert an allen Domainer wier, wéi den Emile Eicher betount. Dacks misst de Buergermeeschter awer um Enn trotzdeem als Schëllegen hierhalen, wann eppes geschitt. Sou zum Beispill an engem Fall, wou Beem gerutscht waren an eng Persoun blesséiert gouf.

E Bierger kann dann 30 Joer laang eng Gemeng poursuivéieren, wann him duerch eng administrativ Entscheedung en Schued entstanen ass. Wat awer nei wier ass, datt ee géing versiche festzehalen, datt de Buergermeeschter no 5 Joer aus der Responsabilitéit wier, sou de President vum Syvicol. Et gouf awer festgehalen, datt dofir misst eng Majorité qualifiée virleien. Dëst soll verhënneren, datt politesch Revanchë geholl ginn.

E weidere Sujet, ëm deen et an der Sëtzung gaangen ass, war de Fuerpark vun de Gemengen. Bis 2025 sollen eppes iwwer 38 Prozent vun den neie Gefierer mat alternativen Energië fueren. An de Gemenge wéisst een awer nach net, wéi een dat mat gréissere Maschinne soll maachen. Dëst, well do d'Akkuen nach net esoulaang géingen hale wéi ee se bräicht. En plus wier dat ganzt mat héije Käschte verbonnen.

Back to Top
CIM LOGO