Chamberkommissioun fir bannenzeg AffärenÄnnerungen um Platzverweis renforcé, mee Quintessenz nach ginn

RTL Lëtzebuerg
De Gesetzprojet iwwert de verstäerkte Platzverweis mécht säi Wee. Dëse Mëttwoch goufen e puer Amendementer an der Chamberkommissioun fir bannenzeg Affären ugeholl.
© RTL

Éischtens ginn d’Grënn, fir déi ee ka vun enger Plaz verwise ginn, geännert. Virgesi ware Verstéiss géint d’Rou, d’Sécherheet oder d’Propretéit. Lo gëtt einfach den Trouble à l’ordre public, also Verstouss géint d’ëffentlech Uerdnung zeréckbehal. Dat wier méi kloer bestëmmt duerch d’Policegesetz a Jurisprudenzen. Eng weider Ännerung: De Buergermeeschter muss net méi selwer agräifen. An dann ass et esou, datt wann Polizisten e Platzverweis decidéieren, da musse se eng éischte Kéier d’betraffe Persoun froen, dann den Uerder ginn a soss forcéieren. Ma wann een dräi Mol de Platzverweis net respektéiert, da kritt een esouguer en Openthaltsverbuet. Do ass éischtens emol d’Geldstrof ewechgefall – et bleift eng administrativ Prozedur – an den Openthaltsverbuet ass net méi 30 Deeg laang, mee just 15.

De Leon Gloden gesäit doranner keen zeréckrudderen. D’Quintessenz wier nach ëmmer do: Et wier nach eng punktuell Mesure fir e punktuellen Incident. D’CSV an DP hu fir dee “Platzverweis renforcé” d’Ënnerstëtzung vun der ADR. Quitt, datt den Deputéierte Tom Weidig sech Froen iwwert d’Ëmsetzung dovunner stellt. Et wiere vill administrativ Prozeduren, Warnungen a schrëftlecher Form och. Donieft wéisst een, datt d’betraffe Persounen net déi “stabilste Leit” wieren. Fir de Piratendeputéierte Marc Goergen géing en an déi richteg Richtung goen.

Methoden à la Trump? Populismus!

Ze wäit geet de Platzverweis renforcé awer der LSAP. Den Deputéierten Dan Biancalana sot, seng Partei géing sech enthalen. Déi Lénk si ganz géint de Platzverweis. Esou och de gréngen Deputéierte Meris Sehovic. Als Schäffen zu Esch wënscht sech zwar méi Policepresenz a senger Gemeng. Ma, de Platzverweis esou net. Et géing kee Land ginn, wou dat Instrument esou streng wier ewéi hei virgesinn. An anere Länner kéint e Platzverweis oder Openthaltsverbuet nëmmen am Fall vu grave strofrechtlechen Infraktioune méiglech.

De Leon Gloden huet dorobber geäntwert, datt d’Notioun vum Ordre public sech op eng ganz villfälteg Lëscht vu Situatioune géing bezéien. Als Inneminister wier et him wichteg, datt ee sech am ëffentleche Raum “mat Respekt begéint”. Et kéint net sinn, datt een an der Ëffentlechkeet géint Mauere géing urinéierten oder mat Hënn rondrëm lafe géing, déi d’Leit ubillen. De Meris Sehovic huet dem Leon Gloden virgeworf d’Method vum Trump ze hunn: als éischt esou repressiv ewéi et geet ze probéieren fir dann awer agefaangen ze ginn. De Platzverweis mam Trump a Verbindung ze bréngen, géing fir de Populismus vun déi Gréng schwäetzen, esou d’Äntwert vum Minister.

Back to Top
CIM LOGO