
Déi fréier Fielsser Buergermeeschtesch Nathalie Silva hat hire Posten als Conseillère missen opginn, well se den 1. Mäerz eng Funktioun am Inneministère iwwerholl huet, deen net mat engem kommunale Mandat compatibel ass.
Donieft ass d'Liz Heintz, déi am Gemengerot souz, an eng aner Gemeng geplënnert. De Buergermeeschter an der Fiels ass de Mirko Martellini. Hien hat zwar bei de leschte Gemengewale manner Stëmmen, wéi d'Ex-Buergermeeschtesch Nathalie Silva kritt, hat awer méi Support am Gemengerot.
Bei de Komplementarwarlen kruten d'Annette Feyerstein an de Philippe Deischter déi meeschte Stëmmen.
Am Dezember hat de Protest vun der Schäffen Ana Teresa Marques Lima géint de Budget fir eng gewëssen Onrou an der Fiels gesuergt. De Buergermeeschter hat deen Ament hir Demissioun gefrot. Bis haut ass dat awer net geschitt. D'Schäffin Ana Teresa Marques Lima hat hiren "Nee" zum Gemengebudget als Alarmzeeche bezeechent. Si war virun allem rosen, well de Budget fir de Syndikat d’initiave verworf gi war, un deem senger Spëtzt si selwer stoung. Zu engem Récktrëtt ass et bis elo awer net komm.