ChamberAntiblanchiment-Gesetz mat 58 Stëmmen ugeholl

Claudia Kollwelter
Am Kampf géint d'Wäisswäsche vu Suen an d'Finanzéiere vun Terrorismus zu Lëtzebuerg gouf e Gesetz mat enger breeder Majoritéit vun 58 Stëmmen ugeholl.
© AFP

E Projet de Loi, dee mam Dossier “OpenLux” an d’Aktualitéit passt, an mat deem Lëtzebuerg Responsabilitéit géif iwwerhuelen. Dat gouf en Dënschdeg méi wéi eemol betount.

Antiblanchiment - E Reportage vum Claudia Kollwelter

D’Gesetz dréit eng Partie Recommandatioune vun der zoustänneger internationaler Kontrollinstanz “GAFI” Rechnung, déi Lëtzebuerg deemnächst evaluéiere soll. Fir den Dan Biancalana vun der LSAP wier et am Interessi vu jidderengem, datt d’Lëtzebuerger Finanzplaz, déi nun emol en zentrale Pilier vun eisem Wuelstand wier, och an déi richteg Direktioun evoluéiert.

Dan Biancalana:Den aktuelle Kontext vum “OpenLux” mécht eis däitlech, datt mer eng grouss Finanzplaz par rapport zu de Gréisste vun eisem Land sinn. Dat ass net verwerflech, mee gëtt eis als Legislateur eng grouss Responsabilitéit.

Dëst Gesetz wier e weideren Effort a Richtung vun enger propperer Finanzplaz, sot den LSAP-Deputéierten nach. Trotz Fortschrëtter a Punkto Geldwäsch an Finanzement vun Terrorismus géifen et awer nach ëmmer grouss Problemer ginn huet déi gréng Deputéiert Josée Lorsché betount. Eng Partie Chifferen géifen dat verdäitlechen.

Josée Lorsché:Europol schwätzt vun 1,2% vum europäeschen PIB wat d’Geldwäsch an der europäescher Unioun ugeet. Dat sinn ëm déi 200 Milliarden Euro. Et sinn also nach ëmmer gewalteg Zommen déi aus kriminellen Aktivitéiten an Ëmlaf kommen, wou sech vill ethesch, sozial a gesellschaftlech Froen dohannert stellen.

De Sven Clement vun de Piraten huet d’Wichtegkeet vun dësem Gesetzestext ervir gestrach.

Sven Clement:
Et ass net “pour la forme” wou mer dat hei maachen. Mir maachen et wierklech, well et ëm d’Substanz geet. Et geet ëm d’Substanz, fir deene Leit déi eppes Schlechtes wëllen, hir Finanzementsmoyenen ewech ze huelen.

De Projet de Loi géif der Josée Lorsché no, entgéint deem wat bei “OpenLux” behaapt géif ginn, weisen, datt Lëtzebuerg Verantwortung géif iwwerhuelen.

All d’Nouvellen zum Sujet #openlux

Back to Top
CIM LOGO