
Wou si mer mat de Schnelltester hei am Land drun? Wéi eng Tester ginn et? Wien dierf se maachen? A kënne mer domat geschwënn och nees grouss Evenementer organiséieren? D'Annick Goerens huet den zoustännegen Expert vun der Santé am Interview gehat.
Um Marché gëtt et eng Hellewull Schnelltester a verschiddene Formen. Ma e Schnelltest heescht einfach just, dass een Test séier gemaach ass. E seet näischt aus iwwer d'Natur vum Test, erkläert eis direkt am Ufank den Dokter Thomas Dentzer, Virolog a Responsabel fir alles wat Tester ugeet an der Covid-Krisen-Cellule vun der Regierung.
„Et gëtt PCR-Tester, déi mer jo kennen aus dem Large Scale a wann der krank sidd. Do ginn et der och, déi méi schnell gemaach ginn, an déi nennt een dann och Schnelltester. Dat heescht, et ass bësse missleading heiansdo. An da muss een definéieren: et gëtt dräi Zorten Tester eigentlech. PCR-Tester, Antigen-Tester an Antikierper-Tester. A bei Antigen-Tester an Antikierper-Tester schwätz een dacks vu Schnelltester, well een do d'Resultat an e puer Minutten, véierel Stonn, 20 Minutten huet. Wat elo méi interessant ass, dass déi Antigen-Tester, déi an der leschter Zäit op de Maart komm sinn, do gitt der dohin, dir kritt e Prelevement gemaach, meeschtens duerch d'Nues, verschiddener ginn och duerch den Hals gemaach, genau wéi bei deem aneren Test och, deen dir kennt, an dann an enger véierel Stonn hutt dir dann d'Resultat. Dat fonctionéiert eigentlech e bëssen esou, wéi e Schwangerschaftstest.“
Dat sinn och déi Schnelltester, déi den Ament geleefeg sinn. Am Grand-Duché gouf eng Mark zeréckbehalen, déi och an onofhängegen Etüden am Ausland gutt ofgeschnidden huet. Dovunner goufen der 900.000 bestallt. Dës dierfen awer och just vu Professionelle vun der Santé gemaach ginn. Dës hunn natierlech Avantagen an och Desavantagen, erkläert de Virolog.
„Ee PCR-Test brauch ee groussen Opwand. Et brauch een e Labo, Materialien an et muss ee Maschinnen hunn. A bei engem schnellen Antigen-Test kritt een an der Zäit vun enger véierel Stonn bis 20 Minutten, maximal eng 30 Minutten, e Resultat wéi bei engem Schwangerschaftstest. Mä natierlech kënnt dat zu engem Präis, well soss géife mer just nach där maachen. Et ass esou, dass déi net sou spezifesch sinn an net sou sensibel reagéieren, wéi ee PCR-Test. Ee PCR-Test ass ëmmer nach de Gold-Standard a seet méi aus an ass méi fiabel, wéi esou een Antigen-Test.“
Et hätt een natierlech gekuckt, ob een Antigen-Test large scale kéint asetzen, mä dat ass aktuell net virgesinn.
„De Problem ass, dass et Limitatioune ginn. Dat heescht den Antigen-Test ass u sech ganz gutt bei Leit, déi Symptomer hunn a krank sinn. Mä de Problem ass ebe bei Leit, déi keng Symptomer hunn. Do reagéiert den Test net gutt. An do kann et eben dacks virkommen, dass den Test negativ ass, obwuel dir infizéiert sidd an eigentlech de Corona hutt. An dat ass de Grond, firwat een deen net einfach esou virun der Rockhal kann ausdeelen a jidderee maache loossen, well d'Feelerquote ass awer relativ héich an da géife mer riskéieren, dass wann e puer dausend Leit dobanne wieren, an eng Rei Leit infizéiert wieren.“
Well ee keng falsch Sécherheet wéilt ginn a well ee verschidde Leit, déi de Virus a sech droen eben net ka mat den Antigen-Tester detektéieren, wieren nach net méi der Schnelltester am Ëmlaf, erkläert de Virolog. Ëmmer nees héiert een nämlech d'Demande, dass dës Tester sollen an den Altersheemer agesat gi fir d'Visiteuren, déi erakommen, sur place ze testen.
„Et ass eben do, wou een eng Risiko-Analys muss maachen. Wéi wäit ginn ech a wat loossen ech zou? De Problem an engem Altersheem ass, de Risiko ass relativ héich. Wann do ee Positiven ass, da ginn d'Leit krank a se stierwen. Dat heescht, de Risiko ass méi héich, wéi wa mer et elo bei 25-Järege maachen. Do ass den Outcome een aneren, wéi bei eelere Leit.“
Aktuell gëtt an der Fuerschung och u Späicheltester geschafft, déi direkt e Resultat kéinte liwweren. Ma dës wären nach net gutt genuch, fir op de Maart ze kommen, sou nach den Dr Thomas Dentzer, Virolog vun der Santé.

RTL-News: Dr. Thomas Dentzer - Pro Mount sollen 100.000 bis 150.000 Schnelltester geliwwert ginn
RTL-News: Dr Thomas Dentzer - "Virus wäert iwwer Jore bei eis sinn, mä Impakt wäert sech minimiséieren"