Weltwäit gëtt un d’jiddesch Affer vun den Nazien erënnert. Zu Lëtzebuerg war ënner anerem en Dënschdeg de Moien eng Zeremonie virum Kaddish-Monument an der Stad. Méi genee beim Monument fir d’Affer vun der Shoah, ënner anerem a Presenz vum Lëtzebuerger Premier Luc Frieden. De President vum Consistoire Israélite du Luxembourg Albert Aflalo huet a senger Ried betount, datt et net just wichteg wier no hannen ze kucken. Den Antisemitismus wier leider nach net verschwonnen.
Den Albert Aflalo:
“Se tenir devant ce monument, c ‘est affirmer que les victimes ne sont pas réduites au silence, que leur nom, leur visage et leur histoire continuent de nous interpeller.”
Iwwer 1.200 jiddesch Matbierger hunn d’Shoah net iwwerlieft. Hir Nimm stinn zanter September zejoert op dem sougenannte “Mur des noms”.
“Un mur sur lequel sont gravés les noms des femmes, d’hommes et d’enfants juifs de Luxembourg déportés et assassinés pendant la Shoah. Derrière chaque nom, il y a une vie, un voisin, un camarade de classe, un commerçant, un médecin, un enfant qui jouait dans les rues de ce pays.”
De Premier Luc Frieden huet ënnerstrach, datt ee sech méi wéi jee engagéiere muss:
“Pour le maintien de nos règles démocratiques, pour le respect de l ‘autre, pour les droits humains, pour la lutte contre l ‘antisémitisme et contre toutes les discriminations, pour la protection des minorités.”
Gedenken, heescht och verstoen, datt esou eng Tragedie net vun engem Moment op deen anere passéiert ass, huet iwwerdeems de President vum Staatsrot Marc Thewes betount an anengems ënnerstrach, wéi wichteg d’Erënnerung fir de Rechtsstaat ass:
“De Rechtsstaat lieft vun der Dignitéit vum Mënsch, vun der Onofhängegkeet vun den Institutiounen, vun der Gläichheet virum Gesetz. Wann dës Prinzippie relativéiert ginn, den Haass normaliséiert gëtt, da gëtt d’Recht selwer fragiliséiert.”
D’Erënnerung wier därmoosse wichteg, well se eis och weist, zu wat d’Mënschheet fäeg ass, huet de Chamberpresident Claude Wiseler nach betount. Um Enn vun de Riede gouf e symbolesche Steen virum Kaddish-Monument néiergelooss.
En Dënschdeg den Owend um 19 Auer ass dann och nach eng Commemoratioun zu Esch op der Plaz, wou d’Synagog vun den Nazien zerstéiert gouf.