"Livre Blanc" publizéiertApdikter-Syndikat fuerdert méi Preventioun an eng méi gerecht Remuneratioun

RTL Lëtzebuerg
De Syndicat des Pharmaciens huet eng Rei Recommandatiounen an deem Buch néiergeschriwwen, déi als Orientéierung fir d’Politiker sollen déngen.

Ënnert anerem froe se en Enn vun de Quoten, vun de Ruptures de Stock an de Manktem u Medikamenter. Donieft soll den Apdikter no méi op Preventioun gesat ginn, d’Traitementer an Therapië solle besser observéiert ginn. D’Apdikte sollen och als Kompetenzzentre vum Medikament opgewäert ginn. An d’Struktur vun der Remuneratioun vun den Apdikter soll nei definéiert ginn, sou datt se gerecht an equitabel wier.

PDF vum Wäissbuch

Back to Top
CIM LOGO