Lëtzebuerger Denkmalschutz-FederatiounArchitektonesche Patrimoine gëtt net genuch geschützt

RTL Lëtzebuerg
Donieft ass et vun der Denkmalschutz-Federatioun de Reproche, dass d'Gesetzer ineffikass sinn an ineffikass applizéiert ginn.
© RTL-Archivbild

Am Virfeld vun de Gemengen- a Chamberwalen dëst Joer huet d’Lëtzebuerger Denkmalschutz-Federatioun e Fuerderungskatalog formuléiert an invitéiert d’Parteien, fir sech par rapport zu enger Rei konkrete Froen ze positionéieren. D’Äntwerten dorop géingen dann och verëffentlecht ginn.

D’Krittäre fir den Denkmalschutz misste méi kloer definéiert ginn, et misst méi gemaach ginn, fir d’Bild vum Duerf oder der Stad ze erhalen an d’Gemenge missten dru gehale ginn, méi hire PAG ze schützen.

Dat wier am Sënn vum Kulturierwen, vum Wuelbefannen an enger Uertschaft an och vun der Ëmwelt. Soss kéint d’LDF sech en Ofrapp-Moratoire virstellen, wéi e rezent a Petitioune gefuerdert gouf.

PDF: Schreiwes vun der Denkmalschutzorganisatioun

Back to Top
CIM LOGO