Beruff vum Zaldot méi attraktivArméi: Accord fir Aarbechtszäiten a Rekrutement fonnt

RTL Lëtzebuerg
Donieft gouf et den Detail, dann an den nächste Joren 180 nei Posten, militäresch an ziviller, an der Arméi wäerte geschaaft ginn.

De Beruff vum Zaldot dierft an Zukunft méi attraktiv ginn. E Freideg de Moien hunn de Verdeedegungsminister François Bausch an d’Vertrieder vun den Arméigewerkschaften SPAL an APOL an der Staatsbeamtegewerkschaft CGFP een Accord fonnt, fir d’Aarbechtszäiten an de Rekrutement an der Arméi. Dee wär nämmlecht opgebaut, wéi deen an der Police, betount de François Bausch, just mat verschiddene Spezifizitéite fir d’Arméi. Konkret heescht dat virun allem, dass Iwwerstonnen elo ugerechent ginn, wéi de Christian Schleck, President vum Syndicat professionnel de l’armée luxembourgeoise erkläert

“Wichteg ass, dass d’Leit, déi méi schaffen oder anescht schaffen effektiv déi néideg Kompensatioune kréien an dass domat hir Aarbecht och valoriséiert gëtt. E ganz wichtegt Zeechen ass, an dat wëll ech och ganz kloer ervirhiewen, dass elo ënnert dësen Accord och eis Zaldoten drënner falen, well dat ass ee vun den Aspekter, deen an den leschte Joren anescht war. An dat dréit och dozou bäi, dass d’Attraktivitéit vun der Zaldotecarrière domat wäert e klenge Boost kréien. An ech hoffen och, dass mer iwwert dee Wee méi Léit kënne rekrutéieren.”

Extrait Christian Schleck (1)

Donieft war et d’Annonce, dass tëscht 2020 an 2023 180 nei zousätzlech Posten an der Arméi geschaaft ginn. Souwuel am Militäresche wéi och am ziville Beräich. Dat sinn 45 Leit, déi d’Joer wäerten nei agestallt ginn, wéi de François Bausch erkläert:

François Bausch: “Mir sinn ee Land, wat Bevëlkerungswuesstem massiv gewuess ass. Dat heescht, d’Sécherheetsbedürfnis a Sécherheetsbesoin sinn net méi kleng ginn. Mir kënnen also net méi weiderfuere mat Administratiounen, déi nach op e 400.000 Awunnerstaat opgebaut sinn, wa mer haut schonn e 620.000 Awunnerstaat hunn, plus déi 200.000 Frontalieren, déi sech zu Lëtzebuerg ophalen. Donieft sinn d’Missioune vun der Arméi net méi kleng ginn. [...] Mir hunn international Engagementer, déi leider och net méi kleng ginn, an dofir musse mer och kucken, iwwert e Plan de recrutement zousätzlech Leit anzestellen.”

Extrait François Bausch

Christian Schleck: “Wou mer och ganz frou sinn, dass de plan de recrutement iwwerschafft gëtt. An dass mer do an Zukunft, wa mer mam Minister eng Eenegung fonnt hunn, méi Leit wäerten rekrutéieren, Carrière iwwergräifend. Ech menge souwuel gëllt dat fir militäresch Carrièren, mä och fir zivil Carrièren. Et ass wichteg, dass mer eis den haitegen Zäiten upassen. Et ass eng Fuerderung vum SPAL zanter Joren, dass mer ëmmer nees drop hiweisen, dass mer net genuch Leit hunn. Ech mengen dermadder ass elo e kloert Zeeche gesat, dass mer an déi richteg Richtung operéieren.”

Extrait Christian Schleck (2)

Back to Top
CIM LOGO