
Si wollten, dass d'Serveuse hinnen d'Suen aus der Keess gëtt. Wéi déi dat refuséiert huet, hunn d'Täter d'Fra op de Buedem geheit, d'Sue geklaut a sinn an onbekannte Richtung geflücht. Eng Enquête gouf lancéiert.
Wéi d'Police mellt, gouf eng Persoun zu Esch geschloen, mat engem Messer bedreet a krut Mordmenacen. De presuméierten Täter konnt an der Uelzechtstrooss gestallt ginn. Donieft goufen nach 14 Bullen Heroin a Kokain sécher gestallt. No enger Iwwerpréiwung koum och nach eraus, dass de Mann illegal am Land wier.
Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl, d'Drogen, Boergeld an 2 Telefone goufe sécher gestallt.