Police sicht no ZeienArméierten Iwwerfall op eng Bensinsstatioun zu Péiteng

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg géint 16.45 Auer huet e Mann eng Caissière mat enger Schosswaff menacéiert a si opgefuerdert, him d'Geld aus der Kees auszehännegen.
© Domingos Oliveira

Doropshin huet hie sech a Richtung Rue des jardins duerch d'Bascht gemaach. Wéi d'Police schreift, gouf kee blesséiert. D'Caissière hätt allerdéngs ënner Schock gestanen.

Clienten, déi sech zum Zäitpunkt vum Iwwerfall an der Bensinsstatioun opgehalen hunn, si gebieden, sech bei der Police ze mellen. Dat selwecht gëllt fir Aenzeien, déi Informatiounen iwwert den Täter hunn oder am Virfeld eppes Verdächteges gesinn hunn.

© Domingos Oliveira

Täterbeschreiwung vun der Police:

De Mann war ongeféier 1,80 Meter grouss, vun nordafrikanescher Ofstamung, hien hat e schwaarze Pullover mat Kaputz un, eng schwaarz Joggingsbox a wäiss/schwaarz Turnschlappen.

Back to Top
CIM LOGO