
Um Briddel ass um Freideg Owend d’Q8-Tankstell iwwerfall ginn, dat mellt och d’Police e Samschdeg de Mouen. Zwou arméiert Persounen hätten d’Personal mat enger Waff opgefuerdert, d’Geld aus der Keess eraus ze ginn. Dono konnten d’Täter an onbekannte Richtung flüchten.
Vun der Police gouf direkt eng Sichaktioun ageleet, ënnert anerem mam Helikopter a mat der Hondsstaffel. D’Sich no den Täter leeft nach ëmmer, sou d’Police weider.
Vun offizieller Säit war et e Freideg den Owend och de Message, verdächteg Persounen am Raum Briddel direkt ze melle bei der Police a kee matzehuelen deen Autostopp mécht.