Illegale WaffebesëtzAsaz vu Pefferspray bei Sträit tëscht Automobilisten op der A7

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Freideg koum et op der A7 zu enger Ausernanersetzung tëscht zwee Chaufferen, nodeems een deen anere mam Auto bedrängt soll hunn.
Symbolbild
Symbolbild
© Marcus Brandt / DPA / AFP

Wéi d’Police schreift, wier d’Affer éischten Erkenntnisser no vun deem anere Chauffer gedréckt ginn, éier déi zwee bei der Ausfaart Miersch stoe bliwwe sinn an et zu engem Sträit koum. Am Laf vun der verbaler Ausernanersetzung huet den zweete Chauffer säin Affer mat Pefferspray attackéiert. Dono si béid Parteie weider gefuer.

Am Kader vun den Ermëttlunge konnt deen zweete Won vun enger Patrull ugetraff ginn. Am Auto hunn d’Beamten de Pefferspray fonnt a séchergestallt.

Back to Top
CIM LOGO