
Viru ronn engem Joer huet de Premier d’Iddi vum Klima-Biergerrot annoncéiert. An der Tëschenzäit leie 56 Propositiounen um Dësch an en Dënschdeg wollt d’Regierung vun der Chamber héieren, wéi d’Parteien zu de Propose stinn.
Wéi wäit kënne mer goen? Dat huet de Xavier Bettel d’Deputéiert gefrot. Wat gëtt akzeptéiert? Et war eng éischte Kéier, datt d’Gesellschaft mat um Verhandlungsdësch iwwer d’Klimapolitik derbäi war. Den Engagement an den Asaz vun de Leit am Klima-Biergerrot gouf vun alle Parteie ervirgestrach.
D’CSV an den Deputéierte Paul Galles hu vu villen interessante Virschléi geschwat. Villes géif een ënnerstëtzen, mä net zum Beispill méi en héijen CO2-Präiss. CO2-Bepräisung jo...awer plus ou moins esou wéi aktuell, datt et och sozial ausgeglach ass an net zu engem grousse Clash am System féiert.
D’Biergerbedeelegung gouf an der Chamber gelueft, d’ADR huet awer a Fro gestallt, wéi representativ dee Grupp wierklech war. Mam Inhalt huet d’ADR sech manner auserneegesat an dat meescht refuséiert, wéi de Fred Keup erkläert. Dat si Geschwindegkeetsbegrenzungen, hu mer schonn héieren, si mer iwwregens net dermat averstanen. Dat ass d’Iddi oder besser gesot den Zwang fir vegan ze iessen “minimum de deux veggi-days...an der Kantin”. Bei de Kanner kann een et jo maachen!
Et wär e ganz wichtegt Dokument, sot um Enn vun der Consultatiounsdebatt de Premier Xavier Bettel. D’Virschléi géif ee ganz eescht huelen. Wa mir et net seriö huelen, kann ech just soen, datt et eng zweet oder drëtte Kéier vill méi schwiereg gëtt. Well wann d’Leit eng Kéier d’Gefill hunn, mir ginn eis esou vill Zäit fir dat ze maachen an et gëtt net seriö geholl, et gëtt just gekuckt wat schlecht war, et gëtt probéiert déi, déi dra waren, ze decredibiliséieren, dass déi op engem anere Planéit bal géife liewen. Ech sinn och frou, datt de Gros vun de Member hei bannen der Meenung ass, datt et seriö ass.
D’Propositioune vum Klima-Biergerrot wären awer och eng Datz fir déi Gréng a fir d’Regierung, hunn de Marc Goergen an d’Pirate gemengt.