ËmweltverwaltungÄschen aus Holzpellets-Verbrennung illegal als Dünger genotzt

RTL Lëtzebuerg
D'Ëmweltverwaltung ass dëst Joer op ee Fall opmierksam ginn, an deem Äschen aus enger Holzpellets-Verbrennung illegal als Dünger genotzt goufen.

D’Dünge mat Äschen ass nämlech just ënner Oplagen erlaabt. De Produzent vun den Offäll, den Transporteur an de Bauer wieren opgefuerdert ginn, direkt mat hirer Aktivitéit opzehalen. Eng Kopie vum Dossier goung un de Parquet. Dat schreift d’Ëmweltministesch Joëlle Welfring an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der CSV.

Back to Top
CIM LOGO