
"Nee" ass d'Äntwert, de Statut wier beim Conjoint net dee selwechte wéi beim Staatschef. Et wier awer üblech, dass sech de Partner och net politesch engagéiert.
Den Titel vun der Grande-Duchesse wier un dee vun hirem Mann gebonnen, wat gewëss Konsequenze mat sech brénge géing.
De Statut vun der Grande-Duchesse ass weder an der Verfassung nach per Gesetz gereegelt, dofir gëtt et keng ministeriell Responsabilitéit fir hir Aktivitéiten. Si muss d'Regierung deemno net virun hiren Aktivitéite consultéieren.
Schonn an der Vergaangenheet hat d'ADR d'Orange Week kritiséiert, eng Manifestatioun, bei där sech géint d'Gewalt géintiwwer Frae staark gemaach gëtt. De Fernand Kartheiser ass géint en eventuelle Patronage vun der Grande-Duchesse Maria Teresa.
Op d'Fro, ob dëst Evenement dem Usproch vun der Universalitéit gerecht gëtt, well sech exklusiv op d'Gewalt géint Frae konzentréiert gëtt, huet de Premier Xavier Bettel geäntwert, datt de Fait, datt Gewalt géint Fraen thematiséiert gëtt, net géing heeschen, datt sech net och fir de Schutz vu Männer géing agesat ginn.