Prisongssituatioun zu LëtzebuergAssociatioun "eran, eraus... an elo?" fuerdert Moderniséierung vum Strofvollzuch

RTL Lëtzebuerg
"eran, eraus... an elo?" ass eng Associatioun, déi Leit regruppéiert, déi sech fir d'Justiz an de Strofvollzuch zu Lëtzebuerg interesséieren.
© RTL Archiv

Associatioun "eran, eraus... an elo?" - Bréif Februar 2020

An hirem jéngste Bréif zum Thema Strofvollzuch schreiwe si: „Mir fuerderen d'Justizministesch Sam Tanson ganz vehement op, eise Strofvollzuch aus mëttelalterlechen Ëmstänn an d'21. Joerhonnert ze féieren!".

De Serge Legil hätt dem „Lëtzebuerger Wort" virun annerhallwer Woch gesot, dass vun deene Leit, déi liewenslängleche Prisong kruten, kee méi fréi wéi no 28 Joer aus dem Prisong erauskomm wär.

Dobäi hätt sech „eran, eraus... an elo?", wéi et um Ufank vum Bréif heescht, an enger Reunioun am Mäerz 2018 mam Felix Braz iwwert déi „lamentabel Situatioun vum Strofvollzuch" ënnerhalen. Den deemolege Justizminister hätt de Membere vun der Associatioun sengerzäit gesot, dass, wann den Uerschterhaff 2022 opgoe géif, de Prisong zu Schraasseg moderniséiert géif ginn.

„eran, eraus... an elo?" wär zwar net ganz mam Delai d'accord gewiescht, ma et hätt ee gespiert, dass de Felix Braz wierklech eppes hätt wëlle beweegen. D'Modernisatioun vu Schraasseg wär 2018 dann och an de Regierungsprogramm ageschriwwe ginn. Et wär een dofir méi wéi erstaunt gewiescht, wéi virun annerhallwer Woch op eemol vun engem Ofrappen oder Neiopbau vu Schraasseg geschwat gi wär. D'Associatioun wär net dogéint, dass dat Monstrum sollt ofgerappt ginn (am Text heescht et: wat éischter, wat besser!), mä et géif ee fäerten, dass doduerch batter néideg Verbesserungen am Strofvollzuch géifen no hanne geréckelt ginn. Dofir wéilt een d'Justizministesch un d'Engagementer vun hirem Virgänger erënneren, fir direkt nom Opmaache vum Uerschterhaff mam Ofrappen oder sënnvollen Opbau vu Schraasseg unzefänken. „eran, eraus... an elo?" hält donieft fest, dass ee sech dës Gedanke guer net bräicht ze maachen, wa mir „net déi ultra repressiv Justiz hätten, mat iwwer 113 Persounen am Prisong pro 100.000 Awunner". Da misst ee just driwwer nodenken, wéi een eis Prisonge méi kleng maache kéint.

D'Sam Tanson sollt sech an deem Kontext un de skandinavesche Länner an un Holland inspiréieren, fir vun där, wéi et heescht, repressiver Schinn erof ze kommen.

Et sief preziséiert, dass d'Justizministesch an deem Kontext betount hat, et wär een nach an engem ganz fréie Stadium vun den Iwwerleeungen, wat Schraasseg ugeet. En Neibau mat méi klengen Eenheete wär den Idealfall, ma et wär een nach net esouwäit, dass ee konkret Pläng hätt.

Back to Top
CIM LOGO