Mangel u FachpersonalAssociatioun vun de Lëtzebuerger Medezinsstudente schléit Alarm

Jean-Marc Sturm
D’Kris hätt gewisen, dass et heiheem u Fachpersonal am medezinesche Beräich feelt. D’Alem huet eng Ëmfro gemaach an do ginn et interessant Resultater.

Dës Etüd huet gewisen, dass am Laf vum Studium, d’Bereetschaft fir nees op Lëtzebuerg zréckzekommen, Schrëtt fir Schrëtt ofhëlt. Wärend vun de Medezin-Studenten aus den zwee éischte Joren ëmmerhin nach 95,5 % zréckkommen, sou sinn et bei deenen aus den zwee leschte Jore just nach 76,4 %.

Et kéint een also dervun ausgoen, dass 30 % herno net op Lëtzebuerg zréckkomme wäerten, fir hei als Dokter ze schaffen.

D’Alem huet an deem Sënn eng Rei Fuerderungen: D'Schafe vun enger medezinescher Fakultéit mat engem komplette Medezinstudium zu Lëtzebuerg, d'Erweidere vun der Formatioun fir medezinesch Spezialisatiounen hei am Land an d'Schafe vun enger Universitéitsklinik. Oder nach d’Upasse vun eisem Gesondheetswiesen un d‘medezinesch Fortschrëtter, fir weiderhin eng innovativ a qualitativ héichwäerteg Behandlungen ubidden ze kënnen.

Hei de ganz Etüd vun der ALEM am PDF

Back to Top
CIM LOGO