Paulette LenertAstraZeneca ka fir déi Professionell an der Santé agesat ginn

RTL Lëtzebuerg
De Vaccin vun AstraZeneca soll net fir Leit iwwer 65 Joer benotzt ginn, sou d'Recommandatioun vum Conseil supérieur des maladies infectueuses.

Paulette Lenert iwwer Impfungen / Interview François Aulner

"Dat huet elo keen direkten Impakt op d'Rapiditéit, mat där mir wäerten weiderkommen", sou d’Paulette Lenert e Samschdeg de Moien am RTL-Interview. Dat ëmmer virausgesat, datt d’Liwwerungen esou kommen, ewéi geplangt. D’Gesondheetsministesch huet erkläert, datt an der éischter Phas vun der Impfcampagne jo och déi Professionell am Gesondheetssecteur, onofhängeg vun hirem Alter, geimpft ginn an d’Vaccinen vun AstraZeneca kéinten also fir si agesat ginn.

Nach krut Lëtzebuerg keng Dosisse vum brittesche Pharmakonzern geliwwert. Am Prinzip missten der „d’nächst Woch“ zu Lëtzebuerg ukommen, "mä Dir kennt entretemps de Sprëchelchen: 'Et ass eréischt sécher, wann et wierklech confirméiert ass'", sou d’Paulette Lenert. Déi schrëftlech Confirmatioun wier e Samschdeg de Moien nach net do.

Bis elo huet si net d’Gefill, Lëtzebuerg géing „iergendwou schlecht behandelt“ ginn. D’Dosisse kéinte jo net zäitgläich iwwerall geliwwert ginn, sou d‘Ministesch. Bei Moderna wier Lëtzebuerg zum Beispill awer als éischt Land an de EU beliwwert ginn. Datt aktuell Weekends nach net vaccinéier gëtt, dat wier hirer Meenung no, well et aktuell nach guer kee Sënn géing maachen.

Datt Lëtzebuerg an der EU ganz hanne läit an der Zuel vun Impfungen, dat géing hir Suerge maachen. D’Ursaach wier awer, datt Lëtzebuerg am Géigesaz zu aner Länner déi zweet Dosis op der Säit hält. Et wier eng "Diskussioun, déi ee ka féieren", ob een net awer ewéi aner Länner déi zweet Dosis net reservéiert, fir méi séier éischt Dosissen anzesetzen. Bis elo wier een awer nach net op deem Punkt. D’Problemer, déi dat awer kéint matsechbréngen, wieren an hiren Ae awer méi „grav“ ewéi elo en „Decalage“ an de Statistiken ze hunn.

Iwwert wéi et nom 21. Februar mat de Restriktioune weidergeet, wollt d‘Gesondheetsministesch sech net festleeën. Et kéint een awer net verstoppen, datt déi aktuell Situatioun och am Ausland ganz vill Suerge géing maachen. All Dag géing een iwwerrascht ginn, notamment mat der neister Entwécklung an de Schoulen a mat den neie Varianten, sou d’Paulette Lenert.

RTL-News: Conseil supérieur des maladies infectieuses - Recommandatioun fir AstraZeneca-Vaccin net bei Leit iwwer 65 Joer ze notzen

Back to Top
CIM LOGO