Wéi de CGDIS op der Plaz bestätegt huet, wiere 40 Pompjeeë vu Wuermer, Fluessweiler, Mäertert a Réimech am Asaz, fir d'Feier ze läschen. Och d'Ambulanz vu Réimech gouf op d'Plaz geruff.
Beim Gebai wat brennt, handelt et sech ëm en alen Atelier. An enger éischter Phas wollt een net an d'Gebai eragoen, well de Risk bestoung, dass eventuell Deeler vum Daach kéinten eroffalen.