
D’Kampfhandlungung um Site vum Atomkraaftwierk Saporischschja loossen d’Angscht ëm en nuklearen Accident wuessen. Just 500 Kilometer Loftlinn vu Saporischschja ewech war et 1986 zu Tschernobyl zum nukleare Supergau komm. D’Atomkraaftwierk zu Saporischschja géing awer anescht wéi dëst funktionéieren, seet de Patrick Majerus, Chef vun der Radioprotektioun bei der Santé.
“Dat hei sinn Drockwaasserreakteren, zimmlech änlech wéi déi hei an der Géigend vu Lëtzebuerg, a Frankräich an an der Belsch stinn. Just ebe vun enger russescher Bauaart. Si funktionéiere ganz änlech wéi Cattenom oder Tihange. An do ass eng nuklear Explosioun physikalesch ausgeschloss.”
Wann duerch militäresch Aktioune Gebaier oder de Reakter beschiedegt ginn, kéint Radioaktivitéit austrieden. D’Gefor fir d’Bevëlkerung hei zu Lëtzebuerg wier awer trotzdeem net imminent, seet de Patrick Majerus. Et géing vun diverse Facteure wéi der Envergure vum Accident an der Richtung vum Wand ofhänken.
“Opgrond vun der Distanz ass et awer net esou, datt mer zu Lëtzebuerg fäerte missten, datt mer Mesurë missten ergräifen, wéi se am Plan d’Urgence virgesi sinn. Dat heescht, mer missten definitiv keng Leit à l’abri setzen. Mir bräichte ganz sécher keng Jodpëllen un d’Leit ze ginn. Se bräichten och ganz sécher keng Jodpëllen ze huelen.”
Wéi staark d’Bevëlkerung an der Ukrain bei enger nuklearer Katastroph betraff wär, wier schwéier anzeschätzen, betount den Expert. Hie vergläicht d’Kraaftwierk mat deem vu Cattenom.
“Hei am Land ass eng Evakuatiounszon vu 15 Kilometer geplangt, am Fall vun engem nuklearen Accident zu Cattenom. Cattenom ass net vill méi kleng wéi Saporischschja, do sti véier Reakteren, déi 1.300 Megawatt hunn. Zu Saporischschja stinn et der 6, déi 1.000 Megawatt hunn. A mir ginn dovunner aus, datt mer déi allermeeschten Typpe vun Accidenter domadder ofdecken.”
D’Liewensmëttel kéinte bei enger nuklearer Katastroph an der Ukrain op engem Radius vun 100 Kilometer ëm d’Kraaftwierk negativ vun der fräigesater Radioaktivitéit impaktéiert ginn. Den Impakt op d’Liewensmëttelproduktioun hei zu Lëtzebuerg géing nees vun den zwee Facteuren - gréisst vum Accident a Wiederlag - ofhänken.
Um Site léichen awer och vill ofgeklonge Brennelementer. Wann déi militäresch attackéiert géinge ginn, géing och en Deel vun der Radioaktivitéit kënne fräigesat ginn, sou de Patrick Majerus. Wann et also hei zu engem Accident kéim, wier et wuel éischter änlech wéi dat zu Fukushima a Japan.