BudgetskontrollkommissiounAus dem Dossier Fage wëll een elo Léiere fir d'Zukunft zéien

Monica Camposeo
Virun allem un der Transparenz misst geschafft ginn, esou de Fazit e Méindeg an der Budgetskontrollkommissioun.
Aus dem Dossier Fage wëll ee Léiere fir d'Zukunft zéien
Virun allem un der Transparenz misst geschafft ginn, esou de Fazit e Méindeg an der Budgetskontrollkommissioun.

Nom Wirtschaftsminister Franz Fayot gouf e Méindeg och de Finanzminister Pierre Gramegna an déi virtuell Chamberkommissioun convoquéiert. Rieds goung iwwer den entspriechenden Avis vum Rechnungshaff. D'Monica Camposeo huet bei den Deputéierten nogefrot, wat bei den Diskussioune festgehale gouf.

D'Thema ass ofgehaakt, ma um Dossier gëtt awer weidergeschafft. 2017 hat jo den deemolege Wirtschaftsminister Etienne Schneider d'Industrieterraine verkaf, ouni extern Expertisen anzehuelen. Bei den Deputéierte suergt dat och no den Explikatioune vum Minister Gramegna fir Verwonnerung.

"Wierklech remarkabel, dass de Finanzminister, deen awer a senger Eegenschaft als zoustännege Minister fir den Domaine de l'état, dass deen net am Dossier agebonne war, e Comité a sengem Haus war net am Dossier agebonnen an dat Ganzt ass och ni am Conseil de Gouvernement zur Sprooch komm.", esou d'Diane Adehm vun der CSV, d'Presidentin vun der Budgetskontrollkommissioun.

D'Feeler déi gemaach goufen, wéilt ee bei zukünftege Projete verhënneren. An déi nämmlecht Richtung geet och den Avis vum Rechnungshaff.

"Dat, wat ee verhält, ass, dass einfach Prozeduren net richteg gelaf sinn. An ech muss soen, net nëmme bei deem heite Projet, mee och bei aner Projeten. An d'Cour des Comptes recommandéiert einfach, dass mir dat an Zukunft besser aktéieren an dokumentéieren. Et ass wichteg, dass mir méi Transparenz hunn. An d'Transparenz ass justement och wichteg fir d'Chamber, fir dass mir dat Ganzt och kënne kontrolléieren. Dat heescht, an deem Sënn kann d'Chamber dann och säi Rôle spillen als Contrôle.", betount d'Semiray Ahmedova, d'Deputéiert vun déi Gréng.

Dass ee Firmae wéilt unzéien, wier verständlech. Ma ze kläre wier an dësem Dossier awer och, ob Fage eventuell nach aner Avantagë versprach krut, fir den Investissement hei am Land ze maachen.

"Den Här Gramegna seet, hie wéisst näischt, hie géing awer bei der Steierverwaltung nofroen, ob zum Beispill Rulingen oder aner Saache vereenbaart gi sinn, mee dat kann een och den Här Schneider froen, ob nach aner Arrangementer getraff goufen. Op jidder Fall, ech mengen, dass souwuel den Här Fayot, wéi och den Här Gramegna, wéinstens hiren Aussoen no, näischt dovunner wëssen.", esou den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser.

D'Budgetskontrollkommissioun denkt doriwwer no, de fréiere Minister Etienne Schneider an enger nächster Sëtzung anzelueden.

Léieren aus dem Dossier Fage - Reportage Claudia Kollwelter

Back to Top
CIM LOGO