Invité vun der Redaktioun (16. Abrëll) - Christiane BourgAus fakultativer Fro nom Organspende soll e Flichtfeld ginn

Sascha Georges
Eisen Invité vun der Redaktioun en Dënschdeg de Moien war d'Christiane Bourg.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Christiane Bourg
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis donneschdes moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Am elektroneschen Patientendossier soll aus der fakultativer Fro nom Organspenden e Flichtfeld ginn.
An et solle sougenannte Referenten a grouss Spideeler kommen, déi potentiell Organspender mellen.

Sou d'Fuerderunge vum Christiane Bourg, Generalsekretärin vun Protransplant en Dënschdeg de Mueren am RTL-Interview.

Et feelt nach ëmmer un Organspender. Dem Gesetz no, ass zu Lëtzebuerg eigentlech jiddereen Organspender, dee sech net schrëftlech dogéint ausgeschwat huet. Ma, d'Gesetz gëtt awer net applizéiert. Dacks géifen d'Dokteren nämlech nach d'Famill froen, déi dann Nee seet.

Och den Organspenderpass huet éischter e symboleschen Charakter. Et soll een dowéinst seng Famill am Viraus informéieren, wann ee seng Organer wëll spenden.

Eisen Invité vun der Redaktioun en Dënschdeg de Moien war d'Christiane Bourg.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO