PoliceAusernanersetzungen an der Stad an zu Clierf

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police mellt, koum et an der Nuecht op e Sonndeg, respektiv owes zu zwee Virfäll, wou e puer Männer uneneegerode waren.
© Laurent Weber / RTL Archivbild

Eng Policepatrull ass an der Nuecht zum 18. Februar an der Rue Sigefroi an der Stad op e Sträit tëscht zwee Männer opmierksam ginn. Éischten Informatiounen no soll de Kaméidi lassgaange si wéinst engem virdru geklauten Handy.

D’Affer war vun dräi Männer nom Wee gefrot an ëmäerbelt ginn. Den Handy war dono net méi an der Jackettentäsch. Déi dräi Täter si geflücht, ma ee vun hinne konnt d’Affer sech kropen an et koum zu Handgräiflechkeeten.

Wéi d’Police dobäikoum an de sichtlech alkoholiséierten Täter wollt kontrolléieren, ass dësen ëmmer méi aggressiv ginn. D’Beamten hunn decidéiert, hien an Arrest ze setzen. Ermëttlunge goufen iwwerdeems lancéiert.

Kläpperei zu Clierf

E Sonndeg den Owend du gouf et e weidere Sträit. Zwee Männer waren an der Garer Strooss uneneegeroden. Eng Patrull huet agegraff. Ee vun de Männer hat deen anere mat engem Klappmesser menacéiert an et koum zu enger Kläpperei. D’Messer gouf vun de Poliziste séchergestallt an et gouf protokolléiert.

Back to Top
CIM LOGO