Refugiéë-Strukture si bal vollAusseminister riicht Appell un d’Gemengen

Diana Hoffmann
Vulnerabel Persounen a Famillje mat Kanner solle prioritär behandelt ginn. Kuerzfristeg misst een eng schwéier Decisioun huelen.
Refugiéë-Strukture si bal voll
Vulnerabel Persounen a Famillje mat Kanner solle prioritär behandelt ginn. Kuerzfristeg misst een eng schwéier Decisioun huelen.

An den Hebergement-Strukture vum Office National de l’Acceuil (ONA) sinn den Ament just nach ronn 70 Better fräi. Dat sot den Ausseminister Jean Asselborn e Freideg op enger Pressekonferenz. 1.918 Refugiéeë koume bis elo dës Joer an d’Land. An éischter Linn Syrer (628), Eriträer (294) an Afghanen (95). Dono Sudaneesen (84), Algerier (64) a Venezuelaner (63). Verschidden Deeg wieren et iwwer 40 Persounen den Dag gewiescht.

Refugiéë-Strukture si bal voll / Reportage Diana Hoffmann

De Problem läit awer doranner, dass 49 Prozent vun de Leit, déi eng Demande gestallt hunn, sougenannten Dubliner sinn, also schonn hir Demande de protection internationale an engem anere Land gestallt hunn. Fir si ass Lëtzebuerg also net zoustänneg. An der Moyenne hu sech 344 Leit am ONA presentéiert, ouni eng Demande d’asile ze stellen. Dofir wier dëst elo eng Konditioun, fir zougelooss ze ginn. Vun de Refugiéeën, déi op Lëtzebuerg koumen, haten zum Beispill dëst Joer 124 Eriträer, 69 Syrer, 73 Sudaneesen, 43 Guineeër a 26 Algerier schonn eng Demande de protection internationale an engem anere Land gemaach.

Kuerzfristeg misst een elo eng schwéier Decisioun huelen, sou den Ausseminister. Männer, déi eleng reesen a schonn an engem anere Land eng Asyl-Demande gestallt hunn, kéimen op eng Waardelëscht, bis eng Decisioun am ONA geholl gouf. Et misst een eng Prioritéit setzen, fir vulnerabel Leit a Famillje mat Kanner opzehuelen. Et kéimen och den Ament esouvill Leit op Lëtzebuerg, well d’Belsch dëse System schonn agefouert hätt. Do stéingen 2.500 Männer op enger Waardelëscht. Als Lëtzebuerg misst een elo e Signal setzen, dass ee solidaresch bleift, mee net kéint dat Land sinn, wou jidderee géing mengen, dass en Ënnerdaach kéim, sot de Jean Asselborn.

Zu der momentaner Situatioun wier et komm, well et keng koherent europäesch Gesetzgebung an der Europäescher Unioun géing ginn. D’Länner aus dem Süde missten d’Refugiéeën enregistréieren, déi aus dem Norden Zousoe ginn, fir Leit opzehuelen. “Dublin ass de facto ofgeschaaft, dofir gesi mer hei de ganze Chaos”, sou de Jean Asselborn. D’Kommissioun géing just nokucken, wa Länner géinge refuséieren, sech un den Dublin-System ze halen.

Hei am Land ginn et 7.703 Better fir Refugiéen. Dat an 68 Strukturen an 33 Gemengen. Domat wier een de Moment un de Limitten, fir e gudden Asyl-Accueil ze garantéieren. 2.421 Leit an de Strukturen hunn eng Asyl-Demande gestallt. Eng 1.300 Ukrainer hunn temporäre Schutz. Mee iwwer 2.100 Refugiéeën, déi an de Strukturen ënnerbruecht sinn, hunn e Statut, mee et nach net gepackt, eraus ze kommen.

De Jean Asselborn huet en Appell un d’Gemenge geriicht, op nationalem Niveau solidaresch ze sinn an ze hëllefe Familljen opzehuelen. Bis elo géinge just 30 Gemenge Refugiéeën ënnerbréngen. D’Nouthalen zu Miersch mat 209 Better hätt een eigentlech wollten zoumaachen, mee dës géingen elo awer op bleiwen. Och de Foyer Don Bosco kéint ënnert de momentanen Ëmstänn net zougemaach ginn. Doriwwer eraus goufe Container beim Centre de Primo-Accueil un der Areler Strooss an der Haaptstad opgestallt mat 78 Better. An et wier ee mat de Gemengen Iechternach a Jonglënster am Gespréich, fir eng 100 Better zur Verfügung ze stellen.

RTL-News: Caritas an Oppent Haus warnen - No Annonce vun Ausseminister riskéiert de Sans-abrisme, am Land zouzehuelen

Back to Top
CIM LOGO