
Wéi et heescht, wier den Ausseministère mat dëse Leit a Kontakt a gëtt hinnen och Tuyauen, wéi si sech solle verhalen.
Gewosst war jo ënnert anerem, datt och Lëtzebuerger Touriste beim Site vum Machu Picchu bei Cusco blockéiert waren. Mëttlerweil fueren d’Zich vun do aus awer nees.
Aktuell ginn et jo schro politesch Tensiounen am Peru, nodeem de President Pedro Castillo virun zwou Woche gestierzt an an de Prisong komm war.
Zanterhier ass d’Dina Boluarte um Pouvoir, déi eng nei Regierung wëll en place setzen an dës um Dënschdeg presentéiert. Deemno soll och de Premier Pedro Angulo ersat ginn.
Den Ausseminister Asselborn huet d’Situatioun vun de Lëtzebuerger am Peru dem CSV-Deputéierte Mosar erkläert, deen zum Sujet eng urgent parlamentaresch Fro gestallt hat.
Zanter de President Castillo gestierzt gouf, gëllt am Peru fir 30 Deeg den Etat d’Urgence. Bei Protester koumen eng 20 Leit bis ewell ëm d’Liewen.
D’Demonstrante fuerderen, datt d’Parlament zu Lima opgeléist gëtt an Neiwalen organiséiert ginn.