Déck Limousinne sollen Heescherten erausloossenAusso vum Policeminister léisst sech net duerch Fakte beleeën

RTL Lëtzebuerg
De Léon Gloden hat zejoert behaapt, dass et Preuven dofir géif, dass déck däitsch Limousinne mat belsche Placken Heescherten an der Stad erausloossen.

Der Justiz géifen aktuell keng Deklaratiounen, Denonciatiounen oder Policerapporte virleien, déi konkret Fakten oder Preuven iwwert d’Transportmëttel, déi d’organiséiert Heescherten benotzen, duerstelle géifen. Dat äntweren den Inneminister Léon Gloden an d’Justizministesch Elisabeth Margue op eng parlamentaresch Fro vum Georges Engel.

Den LSAP-Deputéierten hat sech op Aussoe bezunn, déi de Policeminister am Dezember zejoert um Radio 100,7 gemaach hat. De Léon Gloden sot an engem Interview um soziokulturelle Radio, datt et Preuve géife ginn, déi beleeë géifen, datt Heescherten “mat décken däitsche Limousinnen mat belsche Placken an d’Stad kommen”.
Sou Deklaratiounen ginn et also offiziell net, sou datt och keng virleefeg Enquêten oder eng Information judiciaire kann opgemaach ginn.

Tëscht 2020 an 2022 hätt et eng substantiell Enquête vun der Police judiciaire ginn, fir Fäll vun Heescherei am Grupp, Menacen oder och Déifställ, déi vu Mannerjärege begaange goufen, opzeklären. Wéi et vun den CSV-Ministeren heescht, wieren d’Méiglechkeeten, fir an dëse Fäll vu Kriminalitéit ze ermëttelen, awer un hir Limitte gestouss.
Et wier nämlech trotz villen Demarchen, och op europäeschem Plang, net méiglech gewiescht, d’Hannermänner z’identifizéieren, fir d’Enquête weiderzeféieren.

Back to Top
CIM LOGO