Lëtzebuerger "Push Back"Ausweisung zréck a Kroatien fir irakesch Famill?

Petz Bartz
Am RTL-Reportage “Blockéiert um Balkan” leschte Mount goung et ëm déi systematesch Mënscherechts-Verstéiss vun der kroatescher Police.
Ausweisung zréck a Kroatien fir irakesch Famill?
Am RTL-Reportage “Blockéiert um Balkan” leschte Mount goung et ëm déi systematesch Mënscherechts-Verstéiss vun der kroatescher Police.

Dat op der EU-Grenz zu Bosnien an Herzegowina. Mat Gewalt gi Flüchtlingen a Migranten dovunner ofgehalen, an der EU Asyl ze froen.

Och enger Famill aus dem Irak, déi den Ament zu Lëtzebuerg lieft, ass dat geschitt. An elo soll se a Kroatien zeréckgeschéckt ginn.

D’lescht Joer am Oktober ass d’Famill zu Lëtzebuerg ukomm, wou d’Fra, am 7. Mount enceinte, fir d’éischte Kéier en Dokter ze gesi krut. De Puppelchen huet haut 8 Wochen.

Den 21. Januar koum dunn d’Decisioun vum Minister Jean Asselborn, fir déi Famill zréck a Kroatien ze schécken. Den Affekot hat keng aner Wiel, wéi d’lescht Woch beim Verwaltungsgeriicht e Recours unzefroen, fir eng Annulatioun vun där Decisioun z’erzwéngen.

Den Irak ass keng deklaréiert Krichsregioun méi wéi niewendru Syrien. Mee et ass weiderhin e Land, aus deem vill Awunner op international Protektioun ugewise sinn.

Hei de Reportage "Blockéiert um Balkan" (23.1.2020)

"Blockéiert um Balkan"
Flüchtlingen aus dem Noen Oste probéieren iwwert de Balkan an Europa ze kommen. Hei awer kommen nei Problemer op si zou.
Eng RTL-Ekipp war op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO