CGDISAuto a Brand zu Biissen an Auto géint Bam zu Wolz

RTL Lëtzebuerg
Am Lokale gouf et ee Blesséierten e Sonndeg den Owend kuerz no 19 Auer, wéi zu Wolz en Auto vun der Strooss ofkomm, a widder e Bam gerannt ass.
© Klautjen

Den Accident war an der rue Michel Thilges. D’Secouriste vu Wolz a Géisdref waren op der Plaz. D'Bäifuererin gouf liicht blesséiert, de Chauffer hat ze vill gedronk.

Kuerz virun deem Accident gouf et zu Biissen an der rue de la Chapelle en Asaz vun de Biisser Pompjeeën, nodeems do en Auto a Brand gerode war. Duerch dat séiert Agräife vun de Pompjeeë konnt verhënnert ginn, dass d'Feier op d'Gebai niewendru konnt iwwergräifen.

Zu Réiden sinn zwee Autoen net laanschtenee komm. Eng Persoun gouf blesséiert. Op der Plaz waren d'Ambulanz an d'Pompjeeë vu Réiden.

Back to Top
CIM LOGO